
Den éischte Mount am neie Joer hat et a sech. Seele virdru gouf et esou aschneidend Evenementer, déi dat geopolitescht Ëmfeld staark weider veronséchert hunn: Venezuela, Grönland, Iran, Mercosur,... fir just déi ze nennen. De Goldpräis ass dorobshi vu Rekord zu Rekord geklommen, wat en Ausdrock ass vun der Onsécherheet op den internationale Mäert.
Europa huet et weiderhi schwéier, fir an dësem volatillen Kontext Stäerkt an Eenegkeet ze weisen. Wann d’EU am Grönland-Konflikt dach ee gewëssenen Zesummenhalt gewisen huet, esou war dat bei den Diskussioune ronderëm de Mercosur-Ofkommes vill manner de Fall.
Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus? Virop eng positiv Neiegkeet: eist Land krut säin Triple A vun der Rating-Agence Standard & Poor’s d’lescht Woch confirméiert, an dat trotz engem méi groussen Defizit bei eise Staatsfinanzen. Dëst ass jiddefalls e wichtegt Signal vun Stabilitéit un d’Finanzmäert.
An dach sinn d’Problemer zu Lëtzebuerg relativ déifgräifend an deemno sinn d’Léisungen net einfach ëmzesetzen, respektiv brauchen eng gewëssen Zäit fir ze gräifen. An de leschte Méint konnt eis Regierung scho villes ugoen a verbesseren. Mee verschidde Léisunge ware bis ewell ze vill timide. Och heiheem huet et de politeschen Entscheedungsträger a villen Dossieren u Courage oder u Majoritéite gefeelt, fir méi wäit ze goen. De Finanzement vun eiser Sozialversécherung, de Logement, d’Iwwerreguléierung, den Zougang zum Finanzement, den Absenteismus, sinn déi meescht zitéiert Problemer aus dem leschten Joer, déi och 2026 op der Dagesuerdnung stinn.
Dozou kommen “evergreens” wéi héich Produktiounskäschten an eng staark Lounentwécklung, déi schonn zanter 20 Joer net méi duerch Produktivitéitsgewënner kompenséiert gëtt. Hei schwätze mir da vun hausgemaache Problemer.
Dofir muss 2026 konkreet d’Joer vun der Kompetitivitéit ginn, esou wéi de Premier Minister et am Januar annoncéiert huet. Doduerch kann eis Wirtschaft relancéiert an d’Grondlag geschafe ginn, fir eisen héije Liewensstandard esou ze reforméieren, dass e finanziell vun de kommende Generatioune ka gedroe ginn.
Fir 2026 wënschen mir eis déi Reformfäegkeet, déi mir 2025 a verschiddenen Dossieren vermësst hunn.
An deem Sënn ass dat neit Joer entscheedend, wéinst der politescher Agenda: alles wat 2026 net mat Gesetzesprojeten op d’Schinne gesat gëtt, kënnt kaum nach virun de Walen an d’legislativ Ëmsetzung.
D’Reformfäegkeet betrëfft eis all, net nëmmen d’Politik. Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg lieft a schafft, muss sech un deem Prozess bedeelegen. Ouni Reformfäegkeet riskéiert eise Lëtzebuerger Modell, wéi mir en bis elo kannt hunn, op een Enn ze kommen.