Carte blancheDry January: Aschränkung oder Opklärung?

Bob Reuter
Dëst Joer hat den Dry January zu Lëtzebuerg eng nei Qualitéit. Fir d'éischt Kéier gouf d’Initiativ offiziell vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt. Dat huet direkt kritesch Stëmmen op de Plang geruff. De Bob Reuter, President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg, analyséiert a senger Carte blanche, ob esou Initiativen eis Fräiheet éischter aschränken oder ob si am Géigendeel dozou bäidroen, eis z’emanzipéieren.
© RTL

“Ech loosse mer dach net virschreiwen, ob oder wéi vill ech drénken”, heescht et. Anerer soen: “Ech kann a wëll selwer entscheeden, wéi ech mäi Liewe genéissen.” An heiansdo kléngt et nach méi polemesch: “Lo importéiere mer och nach Puritanismus.”

Carte blanche vum Bob Reuter

Hannert dëse Reaktioune steet eng reell Suerg: datt aus enger fräiwëlleger Gesondheetsaktioun, mat staatlecher Ënnerstëtzung, séier eng moraliséierend an aschränkend Norm kéint ginn. Abstinenz géif dann als déi “richteg” oder “opgekläerten” Haltung gëllen, an erwuessene Mënsche misste sech erklären, fir Entscheedungen, déi eigentlech hir eege Saach wären. Den Dry January géif esou riskéieren, eis Selbstbestëmmung anzeschränken, duerch sozialen Drock an Zwang.

Dës Kritik ass eescht ze huelen. Gesondheetsinitiativen existéieren net am Vakuum. Si beweege sech an engem Feld vu moraleschen Erwaardungen, gesellschaftlechem Verglach an – net zulescht – performativem Drock iwwer sozial Medien. Wann Net-Drénken als Zeeche vu Verantwortung oder moralescher Iwwerleeënheet gelies gëtt, da gëtt d’Grenz tëscht Ureegung an Aschränkung vun eise Fräiheeten onschaarf.

Mee bei dëser Kritik däerf een net stoe bleiwen. Och Drénken ass keng neutral Praxis. Eis Entscheedunge ginn an engem kulturelle Kader getraff, an deem Alkohol zanter Joerzéngten verharmlost, normaliséiert a promouvéiert gouf. Drénken ass Deel vu Ritualer, vu Gesellegkeet a vum Alldag – a gläichzäiteg e lukrative Maart mat staarke kommerziellen Interessen. Dës Narrativer verdecken dacks de Stand vun der wëssenschaftlecher Erkenntnis: Alkohol ass eng toxesch Substanz, mat noweisbare Gesondheetsrisiken, dorënner och en erhéichte Risiko fir verschidde Kriibserkrankungen. Et gëtt kee wierklech sécheren Alkoholkonsum. Dat ass eng Erkenntnis, déi vill Leit net gären héieren oder net gleewe wëllen, mee et ass genee dat, wat haut de breet ofgesécherte wëssenschaftleche Konsens duerstellt.

An deem Sënn läit déi eigentlech Gefor fir eis Selbstbestëmmung net an der Invitatioun, eis Drénkgewunnechten z’iwwerdenken, mee doran, datt mir eis vun dominante kulturellen Narrativer ronderëm Alkohol dreiwe loossen. Dës Norme wierke wéi ideologesch oder quasi-reliéis Dogmen: si ginn net hannerfrot, mee einfach iwwerholl. Eng onreflektéiert Drénkkultur mécht eis net méi fräi, mee méi ugepasst, well se eis d’Méiglechkeet hëlt, Distanz ze huelen an informéiert ze decidéieren. Sou hale kulturell Selbstverständlechkeeten eis a Musteren, déi eis Handlungsfräiheet aschränken, ouni datt mir et mierken.

Fräiheet ass net einfach., maache wat ee wëll oder d’Feele vu Verbueter. Fräiheet bedeit, informéiert Entscheedungen ze treffen.

Opklärung heescht net, de Leit Virschrëften ze maachen. Emanzipatioun heescht, sech d’Mëttel ze ginn, fir selwer ze denken an ze handelen – amplaz sech blann vun Traditiounen, Routinnen oder de kommerziellen Interesse vun deenen, déi un eisem Konsum verdéngen, bestëmmen ze loossen.

Hei kann den Dry January eng sënnvoll Roll spillen. Net als moralesch Virgab, mee als bewosst Paus. Als Invitatioun, fir Gewunnechten ze reflektéieren an dat eegent Verhalen op Basis vun deem, wat mir haut wëssenschaftlech wëssen, nei ze bewäerten. Net de Verzicht ass d’Zil, mee d’Méiglechkeet, bewosst, gutt informéiert a selbstbestëmmt ze liewen.

Back to Top
CIM LOGO