
Dat huet de Rechnungshaff e Mëttwoch an der Chamber annoncéiert, wou dee Rapport an enger ëffentlecher Sëtzung vun der Budgetskontrollkommissioun presentéiert gouf.
Kloer ass: d‘Comptabilitéit vun der sensibilité politique vun de Piraten huet grouss Lacunnen. Et feelen sëllege Rechnungen a Justificatiffer bei Depense fir Kommunikatioun, Reesen a Restauratioun. Den Ënnerscheed tëscht Parteifinanzen an deene vun den Deputéierten kann a ville Fäll net gemaach ginn. Eng intern Kontroll gouf et kaum.
De Rechnungshaff huet an der Period vun 2018 bis 2023 en Echantillon vun eppes iwwer 600.000 Euro geholl. Fir ronn 18 Prozent dovun, also 118.000 Euro, hätt ee keng Piècen krut, esou de Vertrieder vun der Cour des comptes. Bei 90.000 Euro hätt een nogefrot. Um Enn feelen do d‘Piècen fir 68.000 Euro. Mä jo, och d‘Cour des comptes huet betount, et wär schwéier, den Iwwerbléck ze behalen bei de Montanten.
D‘Piraten haten an der Period zäitweis dräi Deputéierter. Dem Rechnungshaff no ass besonnesch een Deputéierten vun de Piraten opfälleg. Den Numm gouf net genannt. Ma an der Press war schonn ze liesen, dass den Deputéierten Marc Goergen sech ronn 33.000 Euro vun der sensbilité politique vun de Piraten geléint hat, déi hien duerno och zeréckbezuelt hat. Ma Piècen ginn et net.
De Sven Clement, deen d‘Piraten jo gegrënnt hat, schwätzt vu grousse Feeler, déi een als onerfueren Deputéierte bei der Compta gemaach hätt. D‘Rechnungen a Justificatiffe wäre laang Zäit an enger Schungkëscht geréiert ginn. Am Interview no der Presentatioun huet hie confirméiert, dass ee scho vill Recommandatioune vum Rechnungshaff fir eng besser Gestioun vun de Finanzen ëmgesat hätt. Zu senger Relatioun mam Deputéierten Marc Goergen sot de Sven Clement, si zwee wären an de leschte Joren méi räif ginn, an hätten decidéiert, de Problem zesummen an de Grëff ze kréien, amplaz sech ze streiden.
Déi chaotesch Situatioun bei de Finanze vun de Piraten am Parlament géif riskéieren, e schlecht Bild op all d‘Fraktiounen ze geheien, an d‘Vertrauen an d‘Politik ze schwächen. Mat dat hei wär en negativen Eenzelfall. Dat de Constat vun den anere Parteien no der Presentatioun vum Rechnungshaff.