
D’Digitalisatioun an der Bankewelt huet grouss Fortschrëtter fir d’Bank a fir all Client mat sech bruecht.
Och an den Entwécklungslänner, wou et net vill Bankagence gëtt, huet déi Digitaliséierung ee grousse Fortschrëtt mat sech bruecht. Esou kënnen d‘Awunner a praktesch alle Géigende vum Land relativ einfach Bank Operatioune maache.
Leider huet de Fortschrëtt awer och nei Gefore mat sech bruecht wéi kierzlech op enger Konferenz hei zu Lëtzebuerg erkläert ginn ass. Esou hunn Onéierlecher vill Méiglechkeete fir an déi Prozesser an ze gräife fir Geld ze klauen. Esou wäit muss et mol net kommen. Et geet duer de Kontestand vun enger Persoun eraus ze fannen, z.B. beim Partner oder engem Member vun der Famill, fir Drock op deen ze maachen. Dat nennt een haisleche finanzielle Mëssbrauch, op englesch “domestic financial abuse”.
An där Konferenz, wou eigentlech iwwer finanziell Inclusioun geschwat gouf, ass besonnesch drop higewisen ginn datt an den Entwécklungslänner dës onéierlech Praxis sech besonnesch staark entwéckelt huet. Dat ass eng grouss Gefor an traditionelle Famillje wou se all iwwert dee selwechten elektroneschen Apparat fuere fir Bank Operatiounen ze maachen. An deem Fall ass et dann einfach fir Informatiounen iwwert d’Geld ze kréie wat all Member vun der Famill op sengem Kont huet.
Et ass net fir näischt datt den haisleche finanzielle Mëssbrauch als eng Form vun haislecher Gewalt unerkannt ass. Iwwregens, gëtt déi physesch haislech Gewalt bal ëmmer och vu finanziellem Mëssbrauch begleet, an dat an alle Géigende vun der Welt. Leider sinn och bal nëmme Frae vun dëser Form vu Mëssbrauch betraff. Si ginn am Fong virtuell deelweis oder ganz aus dem Finanzsystem ausgeschloss.
Enger Persoun, déi ënnert finanziellem Mëssbrauch leit, kann een och hëllefe fir hier finanziell Autonomie erëm ze fannen. Verschidde Banken hunn hiert Personal esouguer ausgebilt fir Indizie vun enger haislecher finanzieller Gewalt festzestellen an dann de Client ze beroden. Déi kënnen da bei Organisatioune vermëttelt gi wou hinne weider gehollef gëtt.
Besser ass et awer fir preventiv ze handelen a vun Ufank un an der Famill fir kloer Verhältnisser an der Gestioun vun de Finanzen ze schafen. Et ass sécher méi einfach et ze erméiglechen datt eng Persoun finanziell autonom ass a bleift, wéi herno se aus enger schwiereger Situatioun erauszekréien.
Déi finanziell Exklusioun ze verhënneren ass grad esou wichteg wéi déi finanziell Inclusioun.
Michel MAQUIL
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder