Carte blanche Daniel EischenStereotyppen a Sträitkultur: Mir musse léieren, domadder ëmzegoen

Daniel Eischen
D’Benotzung vu Sexismus a Stereotyppen an der Publicitéit féiert ëmmer erëm zu Kaméidi a Streidereien. Ass dat déi eenzeg Aart a Weis, domadder em ze goen? Misste mir dat Thema net schonns an der Schoul uschwätzen an dobäi och erklären, wéi ee matenee streit? Heizou eng Carte Blanche vum Daniel Eischen.
Daniel Eischen, Kommunikatiounsberoder a President vum Conseil de la Publicité
Daniel Eischen, Kommunikatiounsberoder a President vum Conseil de la Publicité
© RTL Grafik

Carte Blanche vum Daniel Eischen

Elo hu mir en hannert eis, den Dry January. Obwuel… esou dry war en elo och net. Et ass vill Tënt gefloss, esou Munchem stoung de kale Roserei-Schweess op der Stier an et ass och sécherlech déi eng oder aner Tréin gefloss.

Am Fokus vun enger Rei Diskussiounen: eng Publicitéitscampagne vun enger Lëtzebuerger Brauerei fir hiren alkoholfräie Béier. Déi kreativ Käpp hate sech fir dës Campagne eng Rei Wuertspiller afale gelooss, déi si mat Biller presentéiert hunn, déi elo awer wierklech net jidderengem säi Béier waren. Et ware Biller, déi deelweis ganz staark Clichéë benotzt hunn, fir Fraen a Männer duer ze stellen. Bei de Fraen : High Heels, rout Fangerneel, Tattoo … an dann eben zweedeiteg Texter.

Hashtag Sexismus, Bild vun der Fra, Stereotyppen.

Et gouf dann och ganz schnell schaarf geschoss. A ganz schnell hunn d’Leit missten decidéieren, op wiem senger Säit si stinn. Déijéineg, déi dat Ganzt witzeg an harmlos fonnt hunn oder déi, déi heibäi en Anachronismus gesinn hunn, eng almoudesch, irresponsabel an abusiv Aart a Weis, Geschlechter duer ze stellen.

Ech wëll direkt vu menger Säit aus kloerstellen : Ech wëll op kee Fall Sexismus, Diskriminatioun oder aner Forme vun etheschen Ausrutscher an der Publicitéit erof spillen. Ech wëll och net hei d’Diskussioun iwwer déi Publicitéit reaktivéieren.

Et geet mir vill méi em déi Aart a Weis, wéi mir iwwer esou Saachen diskutéieren. Wéi mir matenee schwätzen. Eis Sträitkultur.

E Bekannte sot mir mol: “Maach wéi d’Leit, da geet et dir wéi de Leit!”. Ok. A wat ass mat menger Meenung ? Oooh, pass ob, wiem s du dat dote sees, soss stees du a schlechten Dicher do. Schwaarz a wäiss. Dofir oder dogéint. Mat eis oder géint eis.

A wann s du dier mol Zäit géifs huelen, mir deng Meenung ze erklären. A mir d’Chance ginn, eppes ze soen, ouni direkt als Gudden oder Béisen ofgestempelt ze ginn. Duerfir brauch et Courage an e bëssche Selbstkritik.

Well et ginn Abusen, déi schéngen evident ze sinn, an do muss een dann och d’Kand mam Numm nennen, wann zum Beispill e Stater Pâtissier eng licht bekleet Fra an enger provokativer Pose mat enger Bottercrème’s-Taart tëschent de Been op senge Camionnetten affichéiert. No comment.

Mee och Evidenz liest sech a versteet sech oft an engem kulturelle, soziale Kader. Dat léiert een oder et entdeckt een et. An der Schoul oder doheem. Engem e “gudde Goût” bäibréngen, dat ass schwéier. Mee eng Sensibilitéit géigeniwwer Stereotyppen a Sexismus ze entwéckelen, dat kann een engem mat op de Wee ginn. Bravo an dësem Kontext dem Projet MegaLAB. Et ass sécherlech e Lernprozess, dee sou fréi wéi méiglech ufänke muss. Et muss engem geléngen, dat Ganzt ze erklären an och ze verstoen. Firwat sinn exzessiv an abusiv Stereotyppen esou geféierlech an eiser Gesellschaft ? Grad an Zäite vun Instagram & Co, wou mir all Dag erkläert kréien, wat mir iessen, drénken oder maache sollen, wat cool a wat boring ass.

Exzessiv an net méi ubruechte Stereotyppen. Mir musse léieren, zesummen driwwer ze schwätzen. An averstane sinn, dass een eben heiansdo net déi selwecht Meenung huet. Sträitkultur. De Ball spillen, net de Spiller. An och wann ee mol anenee knuppt, de Ball nëmmen net aus den Ae verléieren.

Back to Top
CIM LOGO