Carte blanche vum Magali PaulusF wei Faschismus, U wei USA, C wei I.C.E. a K wei Knaschtert-Killer-Kriminell

Magali Paulus
Den Umberto Echo huet 2017 a sengem Buch "Reconnaître le fascisme" den Ur-Faschismus a 14 Punkten definéiert . Et gëtt och lo e Fascisomètre fir d’autoritär Derive vun enger Regierung z’identifizéieren. Haut si Faschismus a Widderstand dem Magali Paulus hir Themen. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
© RTL

Eng Carte blanche vum Magali Paulus

Jo et ass Faschismus! Et ass wichteg, déi richteg Wierder ze benotzen. An dat seet net eng “lénksgréngversiften naiv” Aktivistin, wéi mech verschidde Leit heiansdo duerstellen, mee den US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller Jonathan Rauch. Hien huet an engem rezenten Artikel am Atlantic d’Thèse entwéckelt, dass dat ,wat momentan an den USA geschitt, Faschismus ass [1]. Och de Lëtzebuerger Journalist Tom Haas schreift an der Newsletter futur(s), dass Minnesota de Laboratoire fir e Fascism as a Service ass, nämlech duerch Iwwerwaachung, Propaganda a Gewalt mat der Cloud als Hannergrond [2]. Hie weist och drop hin, dass d’Methode skaléierbar ass a lo schonn Impakter an Europa huet. Als Léisunge proposéiert den Tom eng besser digital Protektioun, souwuel op individuellem wéi och op legislativem Niveau, Transparenz an Netzwierker.

Fir Netzwierker opzebauen an ze stäerken, musse mer eis organiséieren, fir dass mer éischtens gutt opgestallt sinn, wann et an Europa nach méi kippt, an zweetens fir Solidaritéit mat all deenen Persounen, déi Widderstand leeschten, ze weisen. Mir mussen eis och mat verschidde Formen a Konzepter vu Widderstand auserneesetzen. Ech war virun zwou Wochen am Musée de la résistance et des droits humains zu Esch. Do fënnt ee verschidden Aart a Weisen, wéi zu Lëtzebuerg géint d’Nazie resistéiert ginn ass, souwuel mat klengen individuellen Aktioune wéi och méi grouss Sabotageaktiounen zum Beispill. Et ass elo erëm un der Zäit, sech mat onser Gesicht auserneenzesetzen, aus hir ze léieren an eis z’inspiréieren.

An hirem Buch “Résister” schreift déi franséisch Journalistin a Schrëftstellerin Salomé Saqué, dass Neutralitéit net méi méiglech ass: weder am Journalismus, nach an der Akademie, der Zivilgesellschaft an der Politik. D’Realitéite sollen duergestallt a benannt ginn, an d’Persoune sech positionéieren an engagéieren. Si geet drop an, wéi wichteg et ass, kollektiv a kreativ z’agéieren. Leschte Freiden zum Beispill ware mer mat der Chorale militante zu puer virun der US-Ambassade, fir e Lidd fir den 8. Mäerz ze prouwen. Et si kleng kreativ Momenter wou puer Leit zesummekommen ouni sech ze vill Gedanken iwwert e konkreten Impakt ze maachen, mee einfach fir zesummen eppes ze maachen a sech net decouragéiere loossen, dass et “esou wisou näischt bréngt”. Et bréngt Freed a Kraaft. Et brécht d’Angscht an d’Lämung, déi dat wat an der Welt passéiert, momentan matsechbréngen. An ech gleewen drun, dass et an der nächster Zäit ëmmer méi kleng, kreativ Aktioune wäerte ginn, déi Freed bréngen. Zielt eis mol är Iddien a wat dir wëlles hutt?

Et ass ëmmer och gutt Slogane parat ze hunn. An den USA ass Chinga la migra! Fuck I.C.E. momentan am Top 10. Ech si gespaant, wat fir Slogane mer den 8. Mäerz op der Marche féministe héieren. Loosse mer der Kreativitéit an der Freed fräie Laf!

[1] https://www.theatlantic.com/ideas/2026/01/america-fascism-trump-maga-ice/685751/?gift=tsTLArf5wABBD89CUawmoPzCym61fYMdxou9P6PcSAk
[2] https://e-eu.customeriomail.com/deliveries/dgT6sAYDALarBbWrBQGcCJA9Qc0ujYk18YvE470=
[3] https://www.theatlantic.com/ideas/2026/01/america-fascism-trump-maga-ice/685751/?gift=tsTLArf5wABBD89CUawmoPzCym61fYMdxou9P6PcSAk
[4] https://e-eu.customeriomail.com/deliveries/dgT6sAYDALarBbWrBQGcCJA9Qc0ujYk18YvE470=

Back to Top
CIM LOGO