
De leschten Dënschdeg huet de Staatsrot en Avis complémentaire zu engem Gesetzprojet ofginn, deen eng Rei Ännerungen am Pressewiesen zu Lëtzebuerg virgesäit.
Domadder geet och d’Reform vun der Reform vun der Pressehëllef an den Endspurt.
Am Covid-Joer 2021 war eng Ännerung agefouert ginn, déi vum zoustännege Minister als Paradigmewiessel bezeechent gouf.
Wärend Pressehëllef bis dohinner op der Zuel vun de redaktionelle Säite berechent gouf, sollt et vun do un d’Zuel vun den effektiv ugestallte Journalisten a Journalistinne sinn.
Déi wesentlechst Neierung war allerdéngs, datt ab 2021 och elektronesch a gratis journalistesch Publikatioune vun der Hëllef konnte profitéieren.
Eng zentral Fro war deemools, ob dës Reform net am Géigenzuch déi klassesch gedréckte Press géing am Stach loossen.
Nach éier d’Gesetz Mëtt 2021 a Kraaft getrueden ass, huet de “Journal” als gedréckten Dageszeitung opgehalen an déi franséischsproocheg Wochenzeitung „Le Jeudi“ ass ganz vun der Bildfläch verschwonnen.
Tatsächlech ass d’Pressehëllef am Joer 2022 am Verglach zu 2018 index-berengegt ëm 21 Prozent geklommen an huet sech op 10,4 Milliounen Euro belaf.
Dat kléngt no vill, betrëfft allerdéngs am Ganze 24 verschidde Medienorganer an enger Bandbreet vu jeeweils 40.000 bis 1,5 Milliounen Euro pro Joer.
Zanter der Reform huet sech de Gesamtmontant zwar liicht no uewen entwéckelt. Rechent een awer d’Inflatioun mat eran, da bedeit dat effektiv e Réckgang vu 5,7 Prozent.
D’Conclusioun ass eendeiteg: D’Zuel vun de Journalisten a Journalistinne grad am Printberäich ass zeréckgaangen.
An dat ka kaum am Sënn vum Gesetz sinn.
Tatsächlech gräift déi aktuell Reform e wichtege Schwaachpunkt vum Gesetz net op: De Reegelsaz pro Journalist – 30.000 Euro, indexéiert op 2021 – ass ze niddreg.
An d’Konditioune fir dovunner ze profitéieren si besonnesch fir kleng Print-Medie schwéier anzehalen.
Dorop huet zwar d’Chambre des Salariés an hirem Avis higewisen.
Och d’Editeuren an d’Journalistegewerkschaft hunn den niddrege Montant pro Journalist kritiséiert.
Wuel aus enger gewësser falscher Bescheidenheet eraus si si allerdéngs dofir net op d’Strooss gaangen.
Dobäi ass d’Prekaritéit an de strukturelle Réckgang kee lëtzebuergesche Sonderfall.
Dat hält och den Europäesche Wirtschafts- a Sozialkomitee an engem Rapport vum 3. Dezember 2025 fest.
Nach huet d’Chamber d’Méiglechkeet, dëser Entwécklung hei am Land entgéintzewierken.
Well ouni eng méiglechst pluralistesch Press, ass eng Demokratie net denkbar.