Carte blanche vum François BauschËmverdeelung a KI-Zäiten

François Bausch
Wa mer keng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum hikréien, da setze mer eis Demokratie op d’Spill, mengt de François Bausch.
© RTL

20/05/2026 Carte blanche Francois Bausch

De franséisch-amerikaneschen, renomméierten Ekonomist Gabriel Zucman huet rezent an engem Interview drop higewisen, datt d'Kënschtlech Intelligenz d'Ongläichheet an eiser Gesellschaft nach eemol massiv kéint verschäerfen. Et kéint dozou féieren, datt weltwäit eng kleng Zuel vu Milliardären nach vill méi räich gëtt. Amplaz datt nei Technologien zum Wuel vun der Allgemengheet bäidroe kéinten, géinge si riskéieren, déi schonn haut ongerecht Verdeelung vum Räichtum nach weider ze verstäerken. Aktuell gëtt vill iwwer Reformbedarf an eiser Gesellschaft geschwat. D'Wuert "Reform" kléngt harmlos, jo esouguer positiv. Mee leider verstoppt sech hannendrun dacks den Ofbau vu soziale Rechter, déi iwwer Joerzéngte laang hu missen erkämpft ginn. Wa mir haut an Europa eng sozial Ofsécherung hunn, dann net, well dat vun Ufank un esou virgesi war, mee well Gewerkschaften dofir haart gekämpft hunn.
Dat selwecht gëllt fir den Aacht-Stonnen-Dag, fir de gesetzleche Congé oder fir eist Aarbechtsrecht am Allgemengen. Et war e laange Wee vun der Kanneraarbecht am 19. Joerhonnert bis bei d'Kollektivverträg vun haut.

De gréisste Sprong a Richtung vu méi Verdeelungsgerechtegkeet ass an Europa an an den USA nom Zweete Weltkrich gemaach ginn. Nom grausame faschisteschen Experiment an de Millioune vun Doudegen ass déi sougenannt sozial Maartwirtschaft entstanen.

Dëse soziale Kompromëss gëtt zanter den 1980er Joren ëmmer méi a Fro gestallt. An zanter d'Digitaliséierung an d'Kënschtlech Intelligenz mat enormer Vitess hiren Duerchbroch erliewen, huet dës Politik vum soziale Réckbau eng nei Dimensioun kritt.

Déi dominéierend Technologiefirme gehéieren engem ganz klenge Grupp vu Leit, déi an der Tëschenzäit e Räichtum kumuléiert hunn, wéi nach ni virdrun an der Geschicht vun der Mënschheet. Si hunn haut schonn en enorme Pouvoir a kënnen ëmmer méi Beräicher kontrolléieren.

Duerch déi nei digital Technologië ginn enorm Produktivitéitsspréng a ville wirtschaftleche Secteure gemaach. Et gëtt e risege gesellschaftleche Mehrwert geschaaft — mee dovu profitéiert virun allem eng kleng Minoritéit.

An dës superräich Minoritéit wëll ëmmer manner zum Fonctionnement vun eiser Gesellschaft bäidroen. Am Géigendeel: Staatlech Ausgabe fir sozial Sécherheet ginn als Verschwendung ugesinn. Och bei der Finanzéierung vun ëffentlechen Infrastrukturen, vum Educatiounssystem oder vum Gesondheetswiesen ass dacks d'Iddi: dat soll de "fräie Marché" reegelen.

Jo, et gëtt e grousse Reformbedarf an eiser Gesellschaft — mee virun allem bei der Verdeelung vum gesellschaftleche Räichtum.

Wa mir an Europa net dofir suergen, datt mir e gerechte Steiersystem behalen oder opbauen, an deem och déi Superräich endlech hire fairen Deel zur Finanzéierung vun der Gemeinschaft bäidroen, da riskéiere mir, datt den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft zerbrécht.

An da steet um Enn net manner wéi eis Demokratie selwer um Spill.

Back to Top
CIM LOGO