
1982 huet de Reinhard Fendrich mam Lidd “Es lebe der Sport” en Hit gelant. Och wann hien eigentlech wollt d’Sportskonsommatioun virum Bildschierm an d’Sensatiounsloscht op d’Schëpp huelen, gëtt d’Lidd dacks als en Opruff zu méi Sport verstan a “méi Sport” ass jo och eng gutt Saach. Sport ass gesond a kann d'Liewensqualitéit vum eenzele verbesseren. Mir geet et hei awer manner ëm de Fitnessgedanken, deen d'Leit an diverste Bude fir deelweis horrend Präisser reegelméisseg eleng schweessen deet, mee virun allem ëm d'Sportsveräiner, wou vill Mënschen zesummen d'Begeeschterung fir eng Sportaart deelen.
D'Veräiner liewen, mee...
Eng gutt Noriicht ass, datt ronn 20% vun der Bevëlkerung eng Lizenz an engem Sportveräin hunn, an datt dat sech schonn iwwert Joren sou hält. Dat mécht ronn 136.000 Leit a 64 Federatiounen, woubäi de Fussball eleng schonn 32.000 Lizenzen huet. Eng méi schlecht Noriicht ass, sou de leschte Jugendbericht, datt bal 85 Prozent vun de jonken Erwuessenen (16-29 Joer) kee Sport maachen, ergo a kengem Veräin aktiv sinn.
... de Benevolat ass ënner Drock
Keng Nouvelle ass, datt de Benevolat zënter Jore mat Nowuess-Schwieregkeete kämpft - d'Campagne vum Sportsministère dozou leeft lo schonn zënter 15 Joer. Datt de Benevolat haut ënner Drock steet ass ëmsou méi dramatesch, wéi datt d'demokratesch Wäerter wéi Gläichwäertegkeet, Fräiheet a Gerechtegkeet uechtert d'Welt och a Fro gestallt ginn. Dobäi sinn et grad d'Sportsveräiner, mat hirer potentiell participativer Organisatioun, an hiren inherente Prinzippie wéi Fairplay a Respekt, wou Demokratie trainéiert kéint ginn, an déi se zu Moteure vun der Demokratie kéinte maachen.
Ech soe “potentiell” a “kéint” - well do läit d'Kromm an der Heck. Nieft den individuelle Grënn, fir sech net an engem Veräin z’engagéieren, keng Zäit, keng Loscht, aner Prioritéiten... ginn et och struktureller: d'Membere fillen sech net agebonnen, de Comité entscheet eleng, Decisioune ginn net transparent kommunizéiert, Efforte vun de Membere ginn net valoriséiert a.s.w..
Demokratie trainéieren am Sportsveräin
Dat ass schued, well Veräiner sinn eng Plaz, wou een Demokratie trainéiert: am Team, ënnert den Ekippen, mat den Traineren, den Arbitteren, den Elteren, de Sponsoren, de Gemengen an all deenen, déi d'Buvette an d'Keess maachen. Virun allem fir jonk Mënsche sinn Trainerinnen an Trainer e Virbild fir Anstand a Respekt. Am Veräi geet et drëms ze streiden a sech eens ze ginn, Decisiounen ze huelen an ze droen. Um Terrain, an de Vestiairen, op der Tribün an net ze vergiessen an der Buvette üübt ee wéi ee sech fair verhält, wéi ee mat Ënnerscheeder ëmgeet a Responsabilitéit iwwerhëlt. Wann ee sech ka bedeelegen, Iddien abréngen a Saache verbesseren, erlieft een, datt ee kann en Ënnerscheed maachen. Participatioun stäerkt net nëmmen den Eenzelen, mee wierkt positiv op d'ganzt Veräinsliewen: d'Identifikatioun mam Club hëlt zou, d'Verantwortung gëtt op méi Schëllere verdeelt an d'Solidaritéit ënnert de Membere wiisst.
D'Viraussetzung ass, datt sech déi Responsabel op Ministères- , Gemengen -, Veräins-, a Federatiounsniveau bewosst ginn, datt d’Entwécklung vun demokratesche Strukturen a Prozesser keng Deko ass, mee iwwerliewenswichteg, net nëmme fir d'Veräiner, mee fir d'Gesellschaft als Ganzt. An deem Sënn: “Es lebe der Sport.”