
Ech sot op dëser Plaz schonn, staatlech Administratiounen a Vertrieder vun der Regierung sollten net op virtuelle Plattformen aktiv sinn, déi privaten Entreprisë gehéieren.[1] Mëttlerweil ass och deem naiivsten Notzer kloer, dass een do mam "gratis Zougang" näischt geschenkt kritt. Fir dierfe matzemaachen, muss ee seng Daten hierginn: wien a wou een ass, wat ee keeft, wéi eng Leit ee kennt, a sou virun. Plus all schlau Spréch a Fotoen, déi een ëffentlech oder privat do hannerlooss huet: Mat all deem fidderen déi Entreprisen hir Algorithmen an hir KI-Modeller.
Eng ganz Rei Besëtzer vu sou Entreprisë sinn net just äiskal Geschäftsleit, mee engagéiere sech och ëmmer méi oppe fir eng autoritär Politik. Si stiechen enorm Zommen a politesch Campagnen a beaflossen esou d'Resultater vu Walen an zwar net just an den USA.
Firwat also do bleiwen? – Ech héieren ëmmer nees, de Staat misst dohinner goen, wou d'Leit sinn. Dat kléngt sympathesch, ass awer net wouer. Hei e Beispill, firwat et e katastrophalen Iertum ass, X a Facebook fir eng virtuell Versioun vum ëffentleche Raum ze halen:
Den amerikanesche Journalist Gil Durán mécht zanter Jore Recherchen iwwert de Faschismus am Silicon Valley.[2] Op X ass hien zanter 2022 gespaart an zwar op Liewenszäit. Den Elon Musk hat déi Plattform mat der Behaaptung kaaft, elo géif d'Meenungsfräiheet mol seriö geholl ginn. Dee selwechte Musk wollt dunn awer net héieren, seng politesch Iddie wäre faschistesch.
Fir e Journalist ass esou eng Situatioun e Problem. E ka seng Recherchen net méi uerdentlech maachen. E ka sech net un den Debatte bedeelegen, déi do geféiert ginn.
Wann een am wierkleche Liewe den Zougang zum ëffentleche Raum geholl kritt, heescht dat, dass ee muss an de Prisong. Éiert dat geschitt, kann ee sech an engem Prozess verdeedegen a Recours froen, wann ee mat der Decisioun vum Riichter net d'accord ass. Wann een den Zougang zu engem virtuelle Raum wéi X geholl kritt, hat ee Pech. Et gëtt keng onofhängeg Instanz, déi engem kann d'Recht ginn, sech do ze informéieren a matzeschwätzen. Recours kann ee just bei der Plattform selwer froen. An déi seet dann eeben: Nee, domm gaangen, eise Chef kann dech net ausstoen.
Zanter kuerzem verlinkt d'EU net méi op hiren Account bei X, dofir awer op déi bei Bluesky a Mastodon. En Opruff fir ze soen: Mir si geplënnert, kommt der mat? – Zu Lëtzebuerg sollten sech d'Administratiounen an d'Regierung koordinéieren, fir och iwwert eng onverdächteg Plattform ze senden. Esou géife si net riskéieren, enges Daags virun zouenen Dieren ze stoen. A Faschisten net ze ënnerstëtzen, wär jo wuel méi wéi just e flotte Bonus.
Duerch en technesche Problem hate mer an enger éischter Versioun eng net komplett Carte blanche online. Den Text gouf no der Publikatioun ugepasst.