Wann een dëser Deeg moies aus dem Haus geet, trëppelt een dacks emol an eng déck Zopp mat schlechter Visibilitéit. Ma firwat ass grad den Hierscht esou niwweleg? Wat sinn d'Wiederkonditiounen, déi dozou bäidroen, an op wat sollt een oppassen, wann een dobaussen ënnerwee ass?
"Niwwel ass am Fong näischt anescht wéi eng Wollek, déi um Buedem läit", erkläert eis de Luca Mathias, Meteorolog vu MeteoLux. En entsteet doduerch, datt d'Loft ofkillt an de Waasserdamp an der Loft kondenséiert, also wann d'Waassermolekülle vun hirer Gas-Form an eng flësseg Form iwwerginn. "De Waasserdamp kondenséiert op klenge Partikelen (Aerosolen) an der Loft, de sougenannte Kondensatiounskären, a bilt Milliarde vu klenge Waasserdrëpsen. Meteorologesch schwätzt een eréischt vun Niwwel, wann d'Siicht ënner 1 Kilometer fält. Bei méi wéi 1 Kilometer an ënnert 5 Kilometer schwätzt ee vu fiichtem Donscht."
Déi heefegst Zorte bei eis a sinn de "Stralungsniwwel" an den "Advektiounsniwwel", déi zwar villäicht ganz änlech ausgesinn, mee ganz ënnerschiddlech entstinn, erkläert eis de Meteorolog. Am Dall fënnt een éischter de "Stralungsniwwel", wärend een den "Advektiounsniwwel" an der Reegel méi héich siche muss.
Fir de "Stralungsniwwel" brauch et eng kloer Nuecht, Fiichtegkeet an net ze vill Wand. Dowéinst forméiert sech Niwwel och besonnesch gären an Däller, wou d'Loft quasi steet. "Wa keng Wolleken do sinn, straalt de Buedem seng Wäermt an d'Atmosphär of a killt déi Loftschicht direkt driwwer of." Ob ee Floss do ass oder net, spillt dobäi iwweregens keng grouss Roll, erkläert de Luca Mathias: "Den Haaptgrond ass net de Floss selwer, mee den Dall, also d'Topographie: An der Nuecht leeft déi kal Loft vun den Häng erof a sammelt sech ënnen am Dall, wou och de Wand staark ofgeschwächt ass."

"Advektiouniwwel" oder "Héichniwwel" dogéint entsteet, wann e kale Buedem op fiicht a mëll Loft trëfft. Dat kann zum Beispill de Fall sinn, wann eng Waarmfront mat Reen a Fisem duerch d'Land zitt. Anescht wéi de "Stralungsniwwel" ass deen dann och a méi héije Lagen ze fannen, wéi zum Beispill op den Éisleker Koppen oder eeben och uewen um Findel, wärend et an den Däller ënnendrënner méi kloer ass.
Déi niwwelegst Deeg hu mer allerdéngs nach virun eis. Am meeschten Niwwel gëtt et an de Méint November, Dezember a Januar. Net nëmme kënnt en da méi heefeg vir, mee e bleift och méi laang hänken, well d'Sonn niddereg steet an en net opgeléist kritt. Wärend den Oktober dacks am Mëtteg nach sonneg ass, bleift d'Zopp méi spéit am Joer tendenziell méi laang stoen - deels souguer deeglaang. Dobäi kënnt, datt d'Biedem an de kale Méint kaum ausdréchnen, esou datt d'Loft knapps iwwert dem Buedem ni wäit fort vun der néideger Waasserdamp-Siedegung ass.
Um Findel gëtt den Niwwel op zwou Aart a Weise gemooss: mat engem Luucht-Sensor, dee moosst, wéi vill Waasser an der Loft ass, ma och vun der mënschlecher Aschätzung. "D'Observateure vu MeteoLux si verantwortlech fir déi offiziell Siicht, déi un d'Fligerei weidergeleet gëtt. Dofir benotze si Referenzpunkten, deenen hir Distanz bekannt ass: Gebaier, Antennen, oder Wandturbinnen, an der Nuecht dann och Luuchten. D'Observateure vergläichen hir Beobachtung mat de Wäerter vun den Instrumenter a leeën dann déi offiziell Siicht fest. Dat ass wichteg, well e Sensor just e klenge Volume Loft op enger Plaz moosst. Den Niwwel ass awer dacks net iwwerall gläich déck. Do, wou Niwwelbänke just iwwer en Deel vum Terrain zitt, gesäit dat mënschlecht A dacks méi, wéi d'Instrument."
Iwweregens: Hautdesdaags ginn et däitlech manner Niwwel-Deeg, wéi nach viru 50 Joer. Grond dofir ass, datt d'Loft haut e gudde Krack méi propper ass. "Loftverschmotzung spillt eng Roll, well d'Partikelen an der Loft als Kondensatiounskäre fungéieren. Wa vill Partikelen do sinn, bilde sech méi Drëpsen an och méi reng Drëpsen. Den Niwwel gëtt doduerch méi déck a bleift och méi laang bestoen", erkläert eis de Luca Mathias vu MeteoLux. Wëssenschaftlech Etüden hätte gewisen, dat d'Zuel vun den Deeg mat Niwwel a schlechter Siicht däitlech ofgeholl hätten. "Baséierend op der aktueller Referenzmoyenne vun 1991-2020 sinn um Findel zirka 63 Deeg pro Joer mat Niwwel ze erwaarden, par Rapport zu bal 90 Deeg pro Joer fir d'Moyenne vun 1961-1990."
Visibilitéit ass d'Zauberwuert - wat d'Siicht méi schlecht ass, wat een als Foussgänger méi sollt drop oppassen, selwer méi visibel ze sinn. An der däischterer an niwweleger Hierscht- a Wanterzäit si grad Passanten an Jogger méi vulnerabel, am Stroosseverkéier iwwersinn ze ginn. Fir deem entgéintzewierken, kann een eng Rei Virsiichtsmoossnamen huelen. D'Police réit a Saache Securité routière zum Beispill:
Net just Zweebeener, mee och Véierbeener kënnen natierlech virsuergen - wann och net selwer. Mat engem reflektéierenden Halsband sinn och si am Stroosseverkéier méi sécher.
Fir d'Vëlosfuerer gëllt iwwerdeems deen nämmlechte Prinzip: méi Visibilitéit duerch Helm a Sécherheetsgilet. Ausserdeem sollt ee reegelméisseg kucken, op d'Ausrüstung nach an der Rei ass. Ginn d'Luuchten nach all? Sinn d'Reflekteren nach op der richteger Plaz? Alles dat sollt ee vun Zäit zu Zäit iwwerpréiwen.
Natierlech sollten awer net just d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer am Stroosseverkéier oppassen. D'Autosfuerer, vun deenen déi gréisste Gefor ausgeet, sollte bei niddreger Visibilitéit besonnesch virsiichteg fueren. Och hei sollt ee reegelméisseg een A drop hunn, op d'Luuchte vum Auto nach all ginn. Haaptluuchten, Winker, Réckluuchten, Bremsluuchten, Niwwelluuchten - all déi droe richteg agesat dozou bäi, de Risk fir Accidenter erofzesetzen.
Als Chauffer sollt een e besonnesch op déi Leit oppassen, déi am Stroosseverkéier méi ongeschützt ënnerwee sinn - Foussgänger zum Beispill. Et sollt ee séchergoen, datt ee vu Passanten och gesi gouf, an och op méiglech Feeler vun anere Leit am Verkéier oppassen. Bei Niwwel sollt ee seng Geschwindegkeet ausserdeem de Wiederverhältnisser upassen a méi Ofstand zu deenen anere Gefierer halen.
Déi Grouss Luuchte sollt ee bei staarkem Niwwel wa méiglech evitéieren, well et d'Siicht weider verschlechtere kann. Och bei modernen automatesche Luuchte sollt een oppassen, warnt d'Police an hire Conseilen am Fall vun Niwwel. Déi gi bei Conditioune wéi Niwwel a Schnéi daagsiwwer nämlech net onbedéngt automatesch un - et sollt een also manuell d'Luuchten umaachen.