Carte blanche vum Georges HellinghausenIechternacher Sprangpressessioun

Georges Hellinghausen
Den nächsten Dënschdeg, Päischtdënschdeg, ass et nees esou wäit: Da sprangen se zu Iechternach. Iwwert d'Sprangpressessioun, eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
© RTL-Grafik

Carte blanche vum Georges Hellinghausen

Knapps ass d'Oktav eriwwer, d'Fatima-Pressessioun zu Wooltz gehalen, steet den nächste reliéisen Highlight virun der Dier: d'Iechternacher Sprangpressessioun um Dënschdeg no Päischten.

Op Englesch gëtt se "Hopping procession" genannt. A grad dëse flotten "hopp hopp" gëtt hirem Danzrhythmus schonn eleng akustesch, sproochmusikalesch gerecht.

Iwwer d'Ufäng vun deem seltsame Spektakel ass ewell vill gefuerscht a geschriwwe ginn. Ma wann ech d'Saach richteg iwwerkucken, reduzéieren d'Hypotheese sech op zwou: D'Sprangpressessioun wier an archaeschen Zäiten aus engem heedneschen Danz entstanen a spéider gedeeft, verchrëschtlecht ginn – dat ass déi "evolutionistesch" Thees. Oder awer se wier e Produkt aus dem Mëttelalter, fir d'Epilepsie ze bekämpfen, well et soss keng Therapie deemools gouf. Dat ass déi "kreationistesch" Thees. Méiglecherweis stinn dobäi och d'Pilger vu Waxweiler, déi bis haut aus der Äifel ze fouss erof op Iechternach gepilgert kommen, un hirem Ursprong. Si missten, am Kader vun enger Bann- oder Pflichtpressessioun, all Joer op Päischtdënschdeg an d'Abteistad op d'Graf vum Hl. Willibrord eng net fräiwëlleg Wallfaart ënnerhuelen.

Déi populär Polka, op déi gedanzt gëtt, huet am 19. Joerhonnert hir Form ugeholl. Si gläicht iwwregens dem "Fuchs du hast die Gans gestohlen" an dem "Adam hatte sieben Söhne", en Hiwäis op hire volkstümleche Charakter.

Wéi och ëmmer, d'Iechternacher Sprangpressessioun gehéiert mat zum Beschte vun eisem einheimesche Brauchtum a kulturelle Patrimoine an ass doriwwer eraus och nach duerch d'UNESCO protegéiert.

Se huet bal ëmmer stattfonnt, just net am Zweete Weltkrich an net wärend der Corona-Pandemie. Virun 1800, wéi Iechternach nach Benediktiner hat, ass se vun der Abtei organiséiert ginn. Vum 19. Joerhonnert u sinn d'Iechternacher Leit zoustänneg. Zënterhier sprangen och Fraen a Meedercher mat. Haut des Daags ass besonnesch de Willibrodus-Bauveräin aktiv involvéiert, zesumme mat der Par "Regioun Iechternach St. Willibrord".

Bis dato ass d'Sprangpressessioun wäit iwwer Iechternach an iwwert eist Land eraus bekannt, och spréchwërtlech. Se gëtt net zulescht vun de Lëtzebuerger Nokommen déisäit dem Atlantik, an hire Souveniren an an hirer kollektiver Memoire héichgehalen a commemoréiert.

Back to Top
CIM LOGO