Carte blanche vum Jean HussInformatioun oder Desinformatioun a Meenungsmanipulatioun a Krisenzäiten

Jean Huss
"Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer", sou den Ufank vum Text vum Ex-Deputéierten.
© RTL

... A menger leschter Carte blanche war ech agaangen op all déi bekannte Konflikter a Kricher ronderëm d’Ukrain, Gaza, Iran an den Noen Osten, mat all den Zerstéierungen a schlëmme Konsequenzen fir déi betraffe Bevëlkerungen a fir ganz Generatioune vu Jugendlechen a Kanner.

Trotzdeem gëtt weider opgerüst, op Drock vun den USA an der NATO hin och ganz massiv hei an Europa, ugefaangen mat méi an neien Techniken vu Meenungsmanipulatioun a Frënd-Feind-Propaganda an nach méi Rakéiten, Panzer an Dronen. Woubäi dës Milliarden-Rüstungsdepensen vill besser investéiert wieren an aktiv Fridenssécherung a wirtschaftlech Kooperatioun an a sozial, edukativ a kulturell Infrastrukturen.

Kricher dierfen am Zäitalter vun Atomwaffen a méiglecher biologescher Krichsféierung ni méi d’Léisung vu Konflikter sinn. Dat ass keen naïve Pazifismus, mee ganz batter Realitéit, wa mer d’Léieren aus dem 2. Weltkrich nach net ganz vergiess hunn.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Alle grousse Kricher aus der Vergaangenheet ass ëmmer eng Zäit vu Frënd-Feind-Denken, vu Ligen a Meenungsmanipulatioun a vun Oprüstungs-a Krichspropaganda virausgaangen.

Meenungsmanipulatioun, iwweregens net nëmmen a Saache Krich, déi et kloer bei de grousse geopolitesche Géigespiller iwwerall gëtt, gëtt et déi net zu mindestens deelweis, och hei am Westen, an den USA an, manner opfälleg, och hei an Europa, zum Beispill am Kontext vum sougenannten "Digital Service Act“, vu sougenannten "Faktenchecker" an iwwer total ondefinéiert schwammeg Begrëffer wéi "Desinformatioun“, "Hate Speech", "Verschwörungsteorien" an esou weider?

Wien dat net gleeft oder mengt, ech géif iwwerdreiwen, dee wéilt ech zum Ofschloss un déi kloer Wierder vum neie Poopst Léo XIV erënneren, déi hien a senger rezenter Neijoerschusprooch virun allen akkreditéierten Ambassadeuren gesot huet. Zitat: „Es ist bedauerlich festzustellen, dass insbesonderen im Westen der Raum für echte Meinungsfreiheit immer mehr eingeschrenkt wird, während sich eine neue Sprache mit „orwellschem“ Beigeschmack entwickelt …“

Den englesche Schrëftsteller Georges Orwell a säi berüümte Roman 1984.

Misst dat net eigentlech e Warnruff sinn, esou guer oder grad, wann déi Warnung vum Chef vun der kathoulescher Kierch kënnt?

Back to Top
CIM LOGO