D'Carte blanche vum Anja Di BartolomeoMéi Accès zum Theater fir déi Jonk

Anja Di Bartolomeo
An enger Zäit vu Scrollen, Drock a permanente Reizer ass den Theater vill méi ewéi just eng Bün: Hie kann e Raum sinn, fir nozedenken, sech an aner Mënschen eran ze versetzen, ze diskutéieren an eng eegen Haltung z’entwéckelen. A genee dowéinst misst en eigentlech fir all Jonk zu Lëtzebuerg zougänglech sinn – wat awer nach laang net ëmmer de Fall ass.
© RTL Grafik

Den Theater kann eis hëllefen, d'Welt besser ze verstoen an eis selwer anescht ze gesinn, esou huet den Eugène Ionesco et emol ausgedréckt. A genee doranner läit déi besonnesch Bedeitung, déi den Theater fir jonk Leit sollt hunn. Theater ass eng wichteg Schoul fir Sensibilitéit, Fräiheet a mënschlech Begéinung. E Raum, an deem sech ausgetosch gëtt, wou ee relativ geschützt experimentéieren, debattéieren an dialogéiere kann.

Dofir ass et wichteg, datt déi Jonk reegelméisseg mat de “Brieder, déi d’Welt bedeiten”, a Kontakt kommen: Theater erlaabt et hinnen, sech an aner Persounen a Situatiounen eranzedenken, ënnerschiddlech Perspektive kennen ze léieren an e bessert Versteesdemech ze entwéckelen. Gläichzäiteg stäerkt den Theater hiert kritescht Denken.

Vill Stécker gräife gesellschaftlech, politesch oder moralesch Froen op. Si stellen d’Komplexitéit vum Mënsch an d’Widderspréchlechkeet vun eiser Welt duer. A si reegen dozou un, sech aktiv mat aktuellen Entwécklungen auserneenzesetzen, sech eng Meenung ze bilden an eng eegen Haltung ze developpéieren. Theater weist, datt d’Realitéit net einfach schwaarz a wäiss ass, an hëlleft de Jugendlechen, mat Ambiguitéiten, Widderspréch a schwierege Froen ëmzegoen. Doriwwer eraus schaaft en e wichtegt Gemeinschaftserliefnis. Als Géigegewiicht zu de soziale Medien, bréngt Theater déi Jonk mat anere Mënschen zesummen, mat verschiddene Sproochen, Ausdrocksformen a kulturellen Traditiounen, stäerkt hir Fantasie a sprécht hir Kreativitéit un.

Ma all dat geschitt net vun eleng. Vill Jonker hu keen Accès zu dëser Welt, well si net drun erugefouert goufen. Oder si hunn dësen Zougang - aus wat fir engem Grond och ëmmer - nees verluer. Dat beleet eng Etude, déi 2025 vum LISER duerchgefouert ginn ass: Just ëm déi 20% vun de Lycéesschüler:innen kommen nach mam Theater a Kontakt.

Dobäi ginn et grouss Ënnerscheeder – jee no Regioun, Schoul oder Bildungsniveau vun den Elteren. Genee do muss den Hiewel ugesat ginn.

Fir datt all Jonken Accès zum Theater kritt, brauche mer eng nohalteg a flächendeckend Theatersozialisatioun, déi sech souwuel op déi formal wéi och op déi non-formal Bildung erstreckt. Eng Partie Initiativen – sief et vum Educatiounsministère, vun der Theaterfederatioun oder vum Kulturministère kënnen dozou bäidroen, datt déi Jonk vun allem profitéiere kënnen, wat den Theater vermëttele kann: Sensibilitéit, Kreativitéit, kritescht Denken, Bildung a Wäerter.

Et ass wichteg, datt dës Demarchen net am Sand verlafen, mee wierklech duerchgezu ginn. Fir déi Jonk. A fir eis all.

Back to Top
CIM LOGO