Carte blanche vum Daniel Eischen"Trau dech!", oder "De laange Wee an d'Onofhängegkeet"

Daniel Eischen
Mir brauchen Entreprisen zu Lëtzebuerg. A mir brauche Jonker mat neien Iddien. A Leit, déi de Risiko acceptéieren, besteeënd Firmen ze iwwerhuelen. Si all brauchen Ënnerstëtzung. De Motto "Trau dech" aus dem Joer 2004 huet och nach haut seng Wichtegkeet. Heizou eng Carte blanche vum Daniel Eischen.
Daniel Eischen, Kommunikatiounsberoder a President vum Conseil de la Publicité
Daniel Eischen, Kommunikatiounsberoder a President vum Conseil de la Publicité
© RTL Grafik

"Trau dech, maach dech selbststänneg!"

Dat war de Slogan vun enger Promotiounscampagne, déi de Jeannot Krecké viru méi wéi 20 Joer lancéiert huet. Et goung drëm, haaptsächlech déi Jonk ze sensibiliséieren, fir iwwer den Entreprenariat nozedenken. Seng eege Firma grënnen. Den Dram vun der wirtschaftlecher onofhängeg. Wonnerbar.

Et gouf och déck Zäit heifir; Lëtzebuerg stoung op zweetleschter Plaz an Europa wann et drëm goung, néi Firmen ze grënnen.

An deene leschten 20 Joer ass dunn och vill geschitt. Vun der Kreatioun vun engem "House of Entrepreneurship" zu engem zentralen "House of StartUps" mat zum Beispill dem "Lhoft" oder dem "Luxembourg City Incubator." E ganz positiven Impakt haten och Luxinnovation, Fërderprogramme wéi Fit4Start, Netzwierker vu Mentoren, Coachen an Investisseuren, awer och kontinuéierlech Promotiounscampagnë wéi zum Beispill "Make Shape Create" vun der Chambre des Métiers.

Post Covid goufen dann och all Joer tëschent 3.500 a 4.000 nei Entreprisë gegrënnt a Lëtzebuerg placéiert sech elo licht iwwer der europäescher Moyenne, wéi de Statec et nach rezent publizéiert huet.

Mee dat ass just en Deel vun der Realitéit. Ganz vill Entreprisë ginn an Technologie-laaschtege Segmenter gegrënnt, absorbéiere vill Geld fir unzekommen a rekrutéieren nëmmen e Minimum u Leit. 44% vun deene Firme bestätegen, dass si Problemer hunn, méi grouss ze ginn.

Et ass dann och esou, dass am Joer 2024, 1.200 Firmen hei am Land Faillite gemaach hunn. Dat waren 30% méi wéi d'Joer virdrun, a fir Firme mat méi wéi 10 Leit e Plus vu 40%. Eng vun dräi Firmen iwwerlieft also net. Wann et op där enger Hand méi a méi Ënnerstëtzunge gëtt fir eng Firma ze grënnen, geet et domadder net duer. Besteeënd Firmen hunn oft e konkreten a laangfristeg positiven Impakt op d'Ekonomie.

Kleng a mëttelstänneg Entreprisë garantéiere 75% vun den Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg. En Drëttel vun de Patronen an dësem Beräich ginn an den nächste Joren an d'Pensioun. D'Fondatioun IDEA schwätzt vun enger Moyenne vun 250 Entreprisen, déi all Joer e Repreneur sichen. A ganz Europa hunn 30% bis 35% vun de Familljen-Entreprisen e Problem, virugefouert ze ginn. Dat si besteeënd Firmen, déi aktiv zu der Wirtschaft bäidroen. Am Commerce an am Handwierk. An et sollt een d'Independanten net vergiessen. Och do muss gehollef ginn, och wann dat manner sexy an der Press eriwwerkënnt. Do kann een net esou einfach no 12 Méint soen "et huet net geklappt".

An e puer Deeg wäerte mir erëm vill vun der Tripartite héieren. Et wäert vill mam Fanger an déi eng an an déi aner Richtung gewise ginn. A vill wichteg Saache wäerte bestëmmt ugeschwat ginn. Mee et sollt een evitéieren ze stigmatiséieren. Mir brauchen Entreprisen zu Lëtzebuerg. A mir brauche Jonker mat neien Iddien. A Leit, déi de Risiko acceptéieren, besteeënd Firmen ze iwwerhuelen. Si all brauchen Ënnerstëtzung. De Motto "Trau dech" ass nach ëmmer aktuell. Mee et muss een e gemeinsaamt Verständnis entwéckelen, fir de laange Wee an déi erhofften Onofhängegkeet.

Carte blanche vum Daniel Eischen

Back to Top
CIM LOGO