
Den 28. Mee ass den internationalen Dag vun der Frae-Gesondheet. An dësem Zesummenhang lancéiert de Gesondheetsministère haut eng éischten Editioun vun der Gesondheetswoch vun de Fraen zu Lëtzebuerg. Firwat dat néideg ass?
Staark Péng bei der Reegel, Hëtzten an der Menopause oder och Iwwelzegkeet an der Schwangerschaft. Dacks ginn dës Symptomer als "normal" an "hormonell bedéngt" ofgedoen an déi Betraffen domat eleng gelooss. Oder schlëmmer: Frae gi matenee verglach an alleguer an een Dëppe geheit. Esou einfach ass et awer net: Verschidde Frae krëmme sech vu Péng a kënnen de ganzen Dag d'Haus net verloosse, wann si hir Reegel hunn, wärend anerer just e bësse midd sinn. Déi eng lafe bei Minus-Temperaturen am T-Shirt, an anerer hunn ni missen eng Hëtzt aushalen.
Déi eng iwwerdreiwen net an déi aner si net besonnesch haart am huelen. D'Symptomer sinn net déi selwecht, well d'Kierperen net déi selwecht sinn.
Och wann et sech hei net ëm Krankheeten handelt, sinn d'Konsequenzen dofir net manner schlëmm. An dank enger Rëtsch u medezineschen Traitementer, mussen dës och net einfach esou ausgehale ginn. Allerdéngs brauch et ee gesellschaftlecht Ëmdenken, dat Fraen an hir Gesondheet eescht hëlt. Nëmme well ee Prozess natierlech ass, muss een net ouni Ënnerstëtzung do duerch goen.
Doriwwer eraus ass een gender-sensibelen Usaz net nëmmen an deene Fäll vu Bedeitung, wou et sech ëm sougenannte "Fraen-Themen" handelt:
Mir benotze Medikamenter, déi u Männer getest ginn, awer fir Frae passe sollen. Réischt säit den Ufank 2000er gëllen an Europa Richtlinnen, déi virschreiwen, dass Medikamenter souwuel u Fraen, wéi och u Männer musse getest ginn. An der Realitéit gesäit dat allerdéngs nach oft anescht aus: Esou si Fraen a bestëmmte Beräicher, wéi zum Beispill der Häerz-Gesondheet, däitlech ënnerrepresentéiert. Dat ass keen Eenzelfall, mee ee strukturellen Ausschloss vu Fraen aus der Fuerschung. Et feelt u wichtegem Wëssen, wat zu déidleche Konsequenze féiere kann. Et ass nämlech u sech ganz logesch: Wa Fraen an hir Kierperen net mat studéiert ginn, da kënnen hir Symptomer och net esou einfach identifizéiert, oder deene passende Krankheetsbiller zougeuerdent ginn. D'Konsequenz dovun: Frae kréien déi passend medezinesch Versuergung entweder ze spéit oder guer net.
Dësen Ausschloss ass op Sexismus zeréckzeféieren. De männlecher Kierper gëtt als Norm verstanen an ass dowéinst vu gréisstem Fuerschungsinteresse. Mee d'Resultater solle schlussendlech fir all Kierper passen. Et muss ee kee medezineschen Hannergrond hunn, fir ze gesinn, dass an där Logik eppes net ganz stëmmeg ass.
Eng Sensibiliséierungswoch ass also een Ufank fir ee gesellschaftlecht Ëmdenken an d'Weeër ze leeden an d'Gesondheet vu Fraen aus dem Schied eraus ze huelen. Mee eng Medezin, déi geschlechtsspezifesch Besoine konsequent berécksiichtegt, brauch virun allem Ressourcen, déi eben och geziilt am Beräich Frae-Gesondheet agesat ginn.