
Vun der Rentrée 2026 u kënnen d’Elteren decidéieren, ob hiert Kand op Franséisch oder op Däitsch alphabetiséiert gëtt, fir d’Chancëgläichheet an der Grondschoul ze stäerken, dat ass d’Verspriechen.
Um Schluss vum Cycle 4 sollen d’Schüler dann nees um selwechten Niveau an alle Sprooche sinn - dat ass emol d’Hypothees-Evidenz, dass dat dann och esou wäert sinn. Déi gëtt et aktuell nämlech nach guer net: De Pilotprojet ass nach net ofgeschloss, bis dato hunn d’Rapporten aus de Joren 2024 an 2025 zwou Kohorte vu Schüler am Cycle 2 evaluéiert. Op franséisch alphabetiséiert goufen zweemol 48 Schüler an am ganze 4 Schoulen. Aktuell sinn an de Cyclen 2 an 3 175 Schüler fir Alpha-Franséischgruppen ageschriwwen, mee dat Schouljoer huet jo réischt ugefaangen, do läit deemno nach kee Rapport vir.
Dass déi evaluéiert Schüler aus de franséischen Alpha-Klasse sech méi motivéiert fillen an e bessert “Hörverstehen” op hirer éischter Alphabetiséierungssprooch hunn, ass wuel positiv, mee net wierklech belaaschtbar: Den Echantillon vum franséische Grupp ass extrem limitéiert, dat constatéieren d’Etudë selwer. Ausserdeem sinn d’Tester, déi d’Schüler an de verschiddene Gruppen am Hörverstehen an am Schreiwe-Léiere gemaach hunn, nëmme konzeptuell änlech, awer net identesch, domat ass d’Vergläichbarkeet vun de Resultater begrenzt.
Firwat gëtt op där dënner Basis esou eng grondleeënd Decisioun fir de Lëtzebuerger Bildungssystem getraff, firwat net gewaart, bis op d’mannst emol eng Grupp vu Schüler am Cycle 4.2 ukomm ass?
Elo sollen d’Elteren déi fundamental Decisioun huelen, op wéi enger Sprooch hir Kanner liesen a schreiwe léieren. Gläichzäiteg gouf ëmmer nees festgestallt, dass de schoulesche Succès vun de Kanner staark vum sozio-ekonomeschen Hannergrond vun doheem ofhänkt.
Ass et an deem Kader sënnvoll, den Elteren nach méi Responsabilitéit ze ginn, an der Hoffnung, dass se dann hire Kanner schonn hëllefe kënne bei den Hausaufgaben?
Wéi soll Integratioun op laang Dauer funktionéieren, wann, laut Ministère zwee Drëttel vun de Kanner doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, an de Schoulsystem Schrack fir Schrack drop erausleeft, dass jidderee sech nëmmen dat erauspickt, wat ëm ze gutt kënnt an ëm liicht fält?
D’Reform argumentéiert, dass aktuell däitlech méi Lëtzebuerger Kanner an de Lycée Classique ginn. Dovunner ofgesinn, wéi sënnvoll et ass, schoulesche Succès un der Orientatioun an de Classique ze moossen, kann de Projet Alpha bis elo zwangsleefeg keng Erkenntnisser liwweren, ob dat sech duerch d’Reform géif änneren.
Alpha leeft aktuell op Navigatioun à Vue, um Terrain ass de Widderstand grouss an et sinn nach vill organisatoresch Froen op. Dass de Projet ënnert där Form trotz ville Froen a Kritik an der Plenière mat 52 Jo-Stëmmen ugeholl gouf, ass bedenklech.