
Mat enger Mëschung aus Fassungs- an Hëlleflosegkeet reagéieren eis Europäesch a Lëtzebuergesch Dignitairen, wann den US-President Donald Trump dréit, Grönland z’accaparéieren. Wéi konnt et esou wäit kommen? Wéi konnt et dozou kommen, datt déi fréier demokratesch Weltpolice elo seng Auslännerpolice a biergerkrichsänlechen Zoustänn op onbewaffnet Ziviliste schéisse léisst?
Eng vun den éischten Etappen um Donald Trump sengem Wee Richtung riets Diktatur, war déi konsequent Diskreditéierung vun der Press. Wien net gesent oder geschriwwen huet, wat hie wollt, gouf vun him a senge Supporter als Fake News oder mam Nazi-Terme “Lügenpresse” vernannt. Iwwert déi onreguléiert Sozialreseauen huet hien da seng Ligen ënner d’Leit bruecht. Do, wou se net vu lästege Journaliste gepréift ginn, déi hannerfroen oder widderspriechen. D’Resultat vun där Entwécklung ass, datt de Public herno net méi kann ënnerscheeden, op wéi eng Nouvellen e sech ka verloossen an domat ëmmer méi einfach ze manipuléiere gëtt.
Zum Beispill fir de Capitol no enger verluerener Wal ze stiermen. D’Ëmstierzler vum 6. Januar 2021 kruten dono e Presidential Pardon. Virun hinnen hate schonn Finanzfraudeure vun där Mesure profitéiert. Woumat mer bei enger weider Etapp wieren: Impunitéit fir Frënn a Famill, fir déi, déi no um Pouvoir sinn. Dat ass d’Zesummenfaassung, ma d’Zersetzung vun den demokratesche Strukturen kënnt oft a klenge Schrëtt, sou datt se net direkt opfalen oder seriö geholl ginn.
Aktuellt a prominent Beispill zu Lëtzebuerg, fir d’Press ze diskreditéieren an ze kritiséieren, wa se hir Aarbecht mécht, ass de Georges Mischo. De Premier Luc Frieden huet him säi Récktrëtt aus der Regierung domat erkläert, datt hien op “kontinuéierlech Aart a Weis kritiséiert an attackéiert” gi wär an dowéinst seng Aarbecht net méi sereinement hätt kënne maachen. Domat waren net just d’Gewerkschafte viséiert, mee och d’Press, déi iwwert d’Höhen an Tiefen vum Minister Georges Mischo bericht huet.
Dëser Deeg stoung en anere Mann viru Geriicht, dee gären der Press d’Schold ginn huet an d’Wouerecht ëmmer eréischt da gesot huet, wann hien d’Beweismaterial ënnert d’Nues gehale krut: De fréieren Déifferdenger Buergermeeschter an Deputéierte Roberto Traversini, deen op Käschte vun der Allgemengheet d’Valeur vu sengen Immobilien augmentéiert huet. Säin Affekot huet eng Suspension du prononcé gefrot; de Schued wier jo net esou héich gewiescht. De Strummert, deen am Spuermarché eng Fläsch Schnicki klaut, mécht manner materielle Schued, verspillt och net d’Vertrauen an d’politesch Klass, kann awer warscheinlech net op eng Suspensioun vum Prononcé hoffen.
Dofir e simplen, frëndschaftleche Rot un all Roberto a Georges, déi am Scheinwerferlicht vun engem ëffentlechen Amt stinn: Halt iech un d’Gesetzer, zielt keng Ligen. Da muss d’Press de Leit net erklären, datt der Gesetzer gebrach oder gelunn hutt. Mir JournalistInne kënnen dann u méi flotte Sujete schaffen. An dir hätt äre Beitrag dozou geleescht, datt sech eis Demokratie manner séier zersetzt wéi anerwäerts.
Vun dëser Plaz dofir am Viraus e grousse Merci!