Commentaire vum Monica CamposeoEng Diskussiounskultur, fir d’Toilette erofzespullen

Monica Camposeo
A sengem Commentaire kuckt sech d'Monica Camposeo méi genee un, wéi iwwer d'Thema vun den Toiletten an de Schoule geschwat gouf.
© RTL

An de Lycéeë soll et Toilettë “fir jidderee” ginn, op deenen einfach just WC steet, amplaz de Piktogramm vun engem Mann oder enger Fra. A gefillt dat ganzt Land reegt sech doriwwer op. Egal ob een elo dofir oder dogéint ass, eleng d’Aart a Weis ze diskutéieren, wier am Fong fir d’Toilette erofzespullen.

Toilette fir jiddereen? / Commentaire vum Monica Camposeo

Ëm wat geet et iwwerhaapt genee? Dat misst grondsätzlech déi éischt Fro sinn, déi ee sech a sengem Kapp stellt, ier ee sech eng Meenung bilt. Mä hei e klenge Resumé: En nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu queer Leit ass de leschte Summer schonn ugeholl ginn. Doranner steet:

“Il a été décidé que tout nouveau bâtiment scolaire doit être équipé de sanitaires et de vestiaires inclusifs. De plus, les établissements existants sont appelés à adapter progressivement leurs infrastructures, en fonction des ressources disponibles.”

PDF: Aktiounsplang fir d’Rechter vu queer Leit

Néierens ass explizitt Rieds, dass et keng Männer- oder Fraentoilettë méi soll ginn. Fakt ass awer och, dass an der Kommissioun déi lescht Woch e Responsabele vum Educatiounsministère op Nofro erkläert huet, dass an Zukunft just nach WC op der Dier soll stoen an op Pissoire sollt verzicht ginn.

Mee den Accès op d’Toilette selwer ass selbstverständlech individuell an net gemeinsam.

Och dat war kloer gesot ginn. Doropshin ass awer eng Well vun entgeeschterte Reaktioune lassgetrëppelt ginn. An de soziale Medien hunn d’Commentairen esou en transphoben Ausmooss ugeholl, dass ech bewosst näischt zitéiere wëll.

Ma och Parteien, Oppositioun wéi Regierung, hu sech zu Wuert gemellt, esou wéi och d’Proffegewerkschaft. Vu “Schutz vun der Jugend” war zum Beispill aus méi konservative Kreesser Rieds. Wéi wann eng Plaz, wou sech jiddereen – onofhängeg vum Geschlecht – niefteneen d’Hänn wäscht méi onsécher wier. Onsécher fir wien? Et sinn Diskussiounen an Iwwerleeungen an d’Weeër geleet ginn, déi fir d’Jugend wierklech kee Virbild sinn. An da kënnt d’Erklärung vum Educatiounsminister: Et bleift bei de Meederchers- a Jongentoiletten, et kënnt just eng drëtt dobäi, eng neutral. Waren de Schock an zum Deel och dee villen Haass an de Commentairen op de soziale Medien also ëmsoss?

Entgéint deem, wat den Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg Moien hei op der Antenne gesot huet – nämlech, dass geschlechtsneutral Toiletten NIEFT Fraen- a Männertoilettë sollen amenagéiert ginn – schéngt de Gros et awer nu mol esou verstanen ze hunn, wéi wann d’Zil éischter Richtung een eenzegen Toiletteraum fir jidderee mat eenzelen Toilettekabinne géing goen. An d’Aussoen aus der Chamberkommissioun deiten och dorop. Elo froe sech vill Leit zu Recht, wat da lo?

Bei esou engem delikaten Thema ass Virsiicht wierklech net vu Muttwëll. A falls – ech betounen FALLS – den Educatiounsministère elo zeréckruddert oder d’Pläng upasst, da sollt dat och transparent gesot ginn.

Déi aktuell Diskussioun weist am Fong deene Jonke just eppes: Wéi een NET iwwer delikat Sujeten diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO