“Dry January”Symbolpolitik, amplaz Strukturreformen

Claudia Kollwelter
Lëtzebuerg huet dëst Joer eng éischte Kéier un der Campagne “Dry January” deelgeholl, déi vum Gesondheetsministère lancéiert gouf. Zil dovunner ass, datt d’Leit e Mount laang keen Alkohol drénken. Am Prinzip eng gutt Iddi, déi awer net vill ännert, mengt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
© RTL

Wéi bei all Campagne geet et mol virop drëm, d’Leit fir e Sujet ze sensibiliséieren an eng Diskussioun unzestoussen. D’Risiken, déi Alkohol op eis Gesondheet hunn, si wäit bekannt an awer ass de Konsum nach ëmmer staark sozial normaliséiert a gëtt a mengen Aen och vun der Politik net seriö genuch an Ugrëff geholl.

D’Lëtzebuerger Regierung huet sech zwar scho virun 6 Joer mam sougenannten “PALMA” (Plan d’action luxembourgeois contre le mésusage de l’alcool) e Plang ginn - dee vun der Weltgesondheetsorganisatioun lancéiert gouf - fir déi schiedlech Consommatioun vun Alkohol ze reduzéieren, mee d’Mesurë sti nach ëmmer just um Pabeier.

Ouni strukturell Moossnamen, laangfristeg Strategien an eng konsequent Debatt bleift och eng Campagne wéi déi vum “Dry January” méi symbolesch wéi effektiv. Am Januar gëtt sensibiliséiert, diskutéiert an appelléiert. Am Februar geet et nees weider wéi virdrun. D’Glieser fëlle sech, d’Statistike verschwannen aus der Ëffentlechkeet an d’Politik klappt sech selwer op d’Schëller.

Mission accomplished, oder?

De Kärproblem ass net, datt d’Campagne schlecht gemengt wier, mee datt se am Fong näischt sou richteg a Fro stellt. Alkohol bleift sozial normaliséiert an omnipresent a gehéiert nach ëmmer selbstverständlech zu Feierdeeg, Sporteventer, Aarbechtsaperoen a Familljefester dobäi. Eng Campagne, déi dëse Kontext net a Fro stellt, bleift zwangsleefeg limitéiert.

Amplaz dës Kultur eescht unzegoen, gëtt d’Debatt op eng fräiwëlleg Detox-Challenge fir motivéiert Leit reduzéiert.

Campagnen eleng änneren de Konsum net substantiell. Dat huet ee scho beim Tubak gesinn. Wat wierklech wierkt, si konkret Mesuren: héich Präisser, streng Reglementatiounen, e Verbuet vu Reklammen, kloer Warnungen.

Beim Alkohol allerdéngs wot sech kee sou richteg drun erun. Amplaz gëtt e Mount Abstinenz vun der Politik proposéiert, un déi sech allerdéngs just um Patt vum Gesondheetsministère gehale gouf. Op de sëllegen Nejoerschsreceptioune vu Politik a Co si wéi all Joers d’Schampesstëpp geflunn.

Bleift ofzewaarden, wéi de Bilan vun der Campagne ausfält, wéi vill Leit tatsächlech matgemaach hunn an ob et och eppes bruecht huet. Well ouni Evaluatioun bleift “Dry January” virun allem e gutt gemengte Geste ouni déifgräifend Wierkung.

Back to Top
CIM LOGO