De Commentaire vum Monica CamposeoWannechgelift keng Hëllef méi!

Monica Camposeo
Haut ass eng éischt "Gespréichsronn" zu der Tripartite am Juni. Op dëser "Pre-Partite" soll de Constat gezu ginn, fir d'Diskussiounen am Juni virzebereeden. Keng nei Hëllefen, mee substantiell Ännerungen, dovunner dreemt d'Monica Camposeo haut am Commentaire.
© Pedro Venancio

Kuerzfristeg Hëllefe si politesch méi einfach ëmzesetzen, si si gutt fir den nächste Walkampf a si stoussen eventuell och manner Wieler virun de Kapp.

E Commentaire vum Monica Camposeo

Mee kuerzfristeg Mesuren - mir erënneren un de Solidaritéitspak ënnert der viregter Regierung - féieren och dozou, dass mer all puer Joer nees eng Kéier déi nämmlecht Problemer beschwätzen.

Dat punktuellt Verréckele vum Index sollt d'Betriber entlaaschten. Schéngt jo net ganz laang gehollef ze hunn, vu dass d'Entreprisë jo elo nees Entlaaschtung fuerderen. 440 Milliounen Euro Hëllefe vum Staat kruten d'Betriber d'lescht Joer, 170 Millioune méi ewéi d'Joer virdrun. Soll dat elo all Joer esou weidergoen?

Mir liewen an Zäiten, wou no enger Kris keen Opschwong méi kënnt, mee déi nächst Kris. Oder deen nächste Krich, vun oder an engem Land, vun deem mir ofhängeg sinn. Stéchwuert Energie. Punktuell Mesurë fir schwéier Zäiten ze iwwerbrécke bréngen näischt, wann een d'Enn vun der Bréck mol net gesäit. Méi sënnvoll wiere strukturell, déifgräifend Ännerungen. Fir d'Betriber, d'Leit, d'Land esou opzestellen, dass mer allgemeng méi krisefest ginn.

Mee d'Mesuren, déi no der leschter Tripartite geholl goufen, wieren och haut nach ëmmer ubruecht. Zum Beispill d'Hëllefe fir der Hausse vun den Energie-Präisser entgéint ze wierken. Oder nach d'Eropsetze vum bëllegen Akt. D'Problemer, déi ee versicht huet unzegoen – Präisdeierecht a Logement – sinn haut quasi onverännert an ëmmer nach aktuell. An och d'Betriber froen, wéi scho gesot, elo erëm Ënnerstëtzung.

An enger idealer Welt ass e Betrib jo esou opgestallt, dass en sech rentéiert, dass d'Offer der Demande entsprécht. Dass de Business leeft an d'Salariéë kënne bezuelt ginn. A mat deem Salaire sollt sech dann all Aarbechter och eng Plaz kënne leeschten, wou en dezent wunne kann. Mam Mindestloun awer haut de facto net méiglech. Déi ganz einfach, banal Rechnung geet zu Lëtzebuerg also net op.

Dat ass natierlech keen neie Constat. Ma et wier trotzdeem e Meilesteen, wann eng Regierung dat géing unerkennen. Esou dass dorunner geziilt ka geschafft ginn, fir nees e Gläichgewiicht hierzestellen. Fir dass weder d'Leit, nach d'Betriber Hëllef brauchen. Keng einfach Aufgab, dat stëmmt, mee se ass néideg. Fir dass an 12 Méint op enger nächster Tripartite net erëm iwwert déi nämmlecht Problemer geschwat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO