
Léif Leit vun der CNEL,
Ech hu mat vill Interessi Äre climateXchange-Schlussrapport gelies. Besonnesch d’Kapitel iwwer d’Energie.
Dir fuerdert am Kapitel „Energie“, dat eis Gesellschaft op 100% erneierbaren Energië funktionéiert an de Stroum komplett aus Solarenergie, Waasser- a Wandkraaft hiergestallt gëtt. Mee och den organeschen Offall soll energetesch genotzt ginn a Biogasanlagen. Dir fuerdert d’Ënnerstëtzung vu bessere Späichertechnologien ewéi Gas als Späichermedium.

Et fält op, dat d‘Kapitel „Energie“ am Schlussrapport op enger hallwer Säit relativ knapp gehalen ass, zemol wann ee bedenkt wéi eng fundamental a radikal Ännerungen dee gefuerderten Energiesystem fir eis Ëmwelt, eis Landschaften, eis Gesellschaft an eise Wirtschaftssystem mat sech bréngt.
Et ass also en essentielle Sujet. Awer och en deelweis méi komplexe Sujet, mat enger Rei vun techneschen an ekonomeschen Aspekter deenen ee sech soll bewosst sinn. Dofir géing ech mer erlaben Ärem Kapitel „Energie“ e puer Commentairen an Informatiounen bäizefügen, déi an de regionalen Echangen vläicht net ugeschwat goufen, an am Rapport net ernimmt ginn.
Fänke mer direkt mat enger spannender Fro un, déi awer erstaunlecherweis am ëffentlechen Debat net dacks gestalt gëtt :
Wéi géing esou eng honnertprozenteg Energiewend fir Lëtzebuerg um Terrain konkret ausgesinn ?
Den Energieminister sot an engem rezenten Interview an enger populärer Lëtzebuerger Wochenzäitschrëft, dat hien dovun iwwerzeegt ass dat d’Technologien déi mer fir de Klimaschutz brauchen all do sinn, an e schwätzt an deem Kontext vu bezuelbarer Sonnenenergie a Wandparken. All dës Techniken ewéi Wandenergie a Solarenergie sinn effektiv säit laange Joren do a ginn och säit laange Joren politesch a finanziell enorm gepushed an ausgebaut. Wisou kënnt een dann ëmmer nach net zu engem spierbare Resultat ?
Kommt mir beliichten dofir emol déi verschidden Instrumenter déi Der am Schlussrapport fuerdert, an zwar op eng ganz konkret Aart a Weis :
D’Potenzial vu Waasserkraaft a nohalteger Biomass ass zu Lëtzebuerg relativ begrenzt. De gréisste Potenzial hunn effektiv d‘Wand- a Solarenergie, an déi aner nohalteg Energieproduktioun – dozou gehéieren och Solarthermie, Geothermie a Wäermepompelen - kënnt nom Rifkinstrategiepabeier op net méi ewéi ronn 10% vun eisem haitegen Energieverbrauch.
Et kann ee relativ einfach ausrechnen wéi vill Wand- a Fotovoltaikanlagen een opriichte muss fir dann op 100% ze kommen. D’Leeschtungsschwankunge vu Wand- a Solarenergie mussen dobäi awer saisonal ausgeglach ginn mat Hëllef vun der Gasspäicherung mëttels Elektrolyse, déi Der jo och am Schlussrapport ernimmt. Wéi Der sécher wësst, muss ee bei dësem Späicherprozess grouss Wierkungsgradverloschter a Kaf huelen, an déi mussen dann och an d’Berechnung mat afléissen.
Fir dës Berechnung kann ee bei der Wandenergie konkret z.B. vun 3 Megawatt Anlagen ausgoen mat ronn 20% Volllaaschtstonnen. Dat si wuelgemierkt keng romantesch „Wandmille“ méi, mee reegelrecht Industrieanlagen vun 200 Meter Héicht. Fir d’Fotovoltaik kann ee vun 11% Volllaaschtstonnen ausgoen. D’Verloschter bei der Gasspäicherung kann een an engem globale System vun der Gréisstenuerdnung hier mat ongeféier 50% unhuelen. Hei mussen déi schwankend Stroumproduktiounsanlagen also verduebelt ginn fir dës Verloschter nees ze kompenséieren.
Et kann een och gäre méi optimistesch Rechenhypotheesen unhuelen, mee wéi Der gläich gesitt, kënnt et bei dem Resultat net op den Detail un, mee vill méi op d‘Gréisstenuerdnunge vun dësem Resultat.
Wann ee lo kuckt wat bei dëser einfach novollzéibarer Rechnung erauskënnt, ass vläicht deen een oder aneren dann awer erstaunt, well ee sech dat net esou däitlech erwaart hätt :
Fir eisem haitegen Energieverbrauch gerecht ze ginn, bräicht ee nämlech ronn zéngdausend (!) där industrieller Wandanlagen (Leeschtung ca. 30 GW) ; sämtlech Diecher vu Gebaier wiere voll gepaakt mat Fotovoltaik, an zousätzlech misst ee Fotovoltaik op Fräifläche bedreiwen an der Gréisstenuerdnung vu ronn siwenzegdausend (!) Fussballsterrainen (Leeschtung iwwer 30 GW).
Esouguer wa mer et fäerdeg bréngen eisen haitegen Energieverbrauch vu ronn 50 Terawattstonnen ze halbéieren (wat schonn enorm schwiereg wäert ginn), stousse mer vun de Gréisstenuerdnungen hier mat dësen Energieproduktiounsmethoden wéi een onschwéier gesäit séier un territorial Limitten.
Déi éischt Fro déi sech do stellt : wou sollen dës Anlagen alleguer hin ? Mir hu jo kee „Lëtzebuerg B“.
Egal wou dës Anlagen hannenno stinn, sief et zu Lëtzebuerg oder am Ausland, onshore oder offshore, da bréngt dësen iwwerdimensionale System jäerlech Investitiounskäschten an der Gréisstenuerdnung vun engem héijen eestellege Milliardebetrag (!) fir de Bau vun industrielle Wandanlagen (ca. 1,5 bis 2 Milliarden pro GW), Fotovoltaikanlagen (ca. 1 bis 1,5 Milliarden pro GW) an Elektrolyseuren (ca. 2 bis 3 Milliarden pro GW). Dobäi komme Käschten fir Netzausbau, Späicherequipementer, Gastanklager, Gaskraaftwierker,…asw. Dës surrealistesch Baukäschte leien dobäi eng bis zwou Gréisstenuerdnungen (mol 10 bis mol 100) iwwer de Baukäschte vu konventionelle Stroumproduktiounsanlagen.
Wéinst der niddreger Produktivitéit kënnen déi alternativ Anlagen net rentabiliséiert ginn ouni héich staatlech Ënnerstëtzung, déi awer dann vun der Kollektivitéit muss gedroe ginn.
Wat kéint ee mat esou engem héije Milliardebetrag pro Joer soss nach finanzéieren ? Schoulen, Kliniken, sozial Wunnengen, Programmer fir den Ëmweltschutz, fir den Erhalt vun der Biodiversitéit…? Bei dem „gréngen“ Energiesystem fléissen d’Suen awer haaptsächlech vun ënnen no uewen an d’Täsche vun eenzele Profiteuren, déi d’Moyenen hu fir an dëse System ze investéieren.
De Ressourceverbrauch fir Baumaterialien (Mineralien, Metaller, seltene Erden) läit och eng bis zwou Gréisstenuerdnungen iwwer dem Verbrauch vu konventionellen Anlagen. Schied fir d’Ëmwelt am Allgemengen an d’Biodiversitéit am Besonneschen sinn do virprogramméiert.
Wéi vill vun de noutwendegen Anlage kéint ee realistesch ëmsetzen mat dëse katastrophale Wäerter fir Investitiounskäschten, Flächeproduktivitéit a Ressourceverbrauch ? Wéi sënnvoll wier dat fir eis Ëmwelt ? Relevant ass hei d’Verhältnesméissegkeet tëschent Opwand, negativen Impakter a Notzen.
Méi detailléiert Informatiounen iwwer de Potenzial an de Notzen vun der Wandenergie sinn an dem bäigefüügte Plausibilitéits Check compiléiert.