Serie op RTL: Den Tim Morizet geet mat Iech all Méinden op d'Déngschtleeschtunge vun der CNS an.

E Kräizbandrass, Réckeproblemer, oder bei der Rehabilitatioun no engem Accident - e Kiné kann een och ouni vill Medikamenter nees op d'Bee kréien an deen een oder aneren "Bobo" ewechzauberen. Ma ënner wat fir enge Konditioune gëtt de Kiné vun der Gesondheetskeess iwwerholl a wat ännert sech hei mat Quadripartite déi 2017 kënnt? Den Tim Morizet huet sech fir den neien Deel vun eiser Serie iwwert CNS informéiert.

AUDIO: CNS-Serie (13. Deel) - Kiné

Fir datt Gesondheetskeess och sécher de Kiné iwwerhëlt, brauch ee fir d'éischt emol eng Iwwerweisung vum Dokter. Op enger spezieller Ordonnance, déi fir de Kiné virgesinn ass, mussen dann och alleguerten déi Donnéeën dropstoen, déi gefrot sinn. Eréischt dann ass d'Iwwerweisung gëlteg.

D'Unzuel vun de Seancen, déi maximal kënne verschriwwe ginn, hänkt ganz vun der Natur vun der Pathologie of.

Déi Pathologies courantes, wou 8 Seancë pro Ordonnance kënne verschriwwe ginn, no engem Spidolsopenthalt mat enger Chirurgie sinn et 32 Seancen a bei enger Pathologie lourde, d.h. Krankheeten, déi op enger spezieller Lëscht festgehale sinn, sinn et 64 Seancen.

Vun 2017 u verschreift den Dokter awer nach just den Typ vum Traitement, dat heescht, ob et orthopedesch, neurologesch oder Otem-Physiotherapie ass. Dat heescht d'Techniquen, déi ugewannt ginn, wéi d'Massage, d'Ultraschalltherapie, etc ... ass dem Kiné iwwerlooss.

Am Prinzip läit de Remboursement bei 70%. Ma et ginn och Fäll wou ee komplett fir d'Behandlung opkënnt. Bei schwéiere Pathologien a bei Kanner ewéi Jugendlecher ënner 18 Joer rembourséiert een alles. Déi Akten, déi no enger Chirurgie um Beweegungsapparat verschriwwe ginn, ginn och ganz iwwerholl bis zur 32. Seance.

Wann d'Validatioun vun der Ordonnance vum Kiné selwer ugefrot gëtt, da leeft de Remboursement iwwer den Tiers-Payant an et brauch ee just seng Participatioun ze bezuelen.
Am Fall, wou de Patient selwer d'Validatioun bei der CNS ufreet, muss awer dee ganze Betrag virgestreckt ginn. Dat selwecht gëllt, wann een am Ausland bei de Kinesitherapeut geet oder et kënnt ee mat enger auslännescher Ordonnance hei am Land bei de Kiné.

Et kann een och säi Kiné fräi wielen, wann e vun der CNS agreéiert ass.

Wann e Prestataire awer nëmmen Osteopathie ubitt, da kënnt kee Remboursement vun der Gesondheetskeess a Fro.

Mat der Quadripartite 2017, kommen dann och Ännerunge bei den Kinéen. Z.B. um Gebitt vun der Infrastruktur vu senger Praxis, do ass da festgehalen, wéi grouss muss säi Sall sinn, vu wéi enger Qualitéit muss säi Material sinn, awer och wat d'Prestatiounen ugeet. De Kiné kann z.B. net méi e puer Persoune beieneen traitéieren an e muss op d'mannst 20 Minutte pro Patient opwenden.