Eng 1.300 Fräiwëlleger sammelen am Kader vum Mount vum Don Suen, déi deene Schwächsten am Land zegutt komme sollen, oder awer fir humanitär Hëllef a Krisegebidder uechter d’Welt agesat ginn.
Verschidde Servicer vum Roude Kräiz wéi de Solidaritéitsfong oder d’Kleederstuffe sinn op d’Donen ugewisen, fir iwwerhaapt kënnen ze funktionéieren. Zejoert hunn d’Fräiwëlleger 540.000 Euro wärend dem Spendemount gesammelt. Zil ass et natierlech, dee Montant dëst Joer ze iwwerbidden. 700.000 Euro sollen dëse Mount zesumme kommen - en neie Rekord. Do brauch et vill Hänn an Zäit, fir dës Zomm zesummen ze kréien. An de 50er Joren huet dës Aktioun vun der Croix-Rouge ugefaangen, déi laang Joren “Quinzaine” genannt gouf
Méi Informatiounen op www.croix-rouge.lu