
Deemools ware confidentiel Dokumenter vun der Auditfirma PwC mam Stempel vun der Steierverwaltung duerch den internationale Consortium vun investigative Journaliste verëffentlech ginn. Dokumenter – Steier-Rulingen - déi bewisen hunn, datt Lëtzebuerg groussen internationale Gruppen extrem niddreg Steieren accordéiert huet.
Obwuel de legale Kader, deen dat erméiglecht huet, net op hirer Mëscht gewuess war, huet déi deemoleg ganz nei DP-LSAP-Gréng Regierung - an éischter Linn den deemolege Finanzminister Pierre Gramegna, an op seng Aart a Weis och den deemolegen Ausseminister Jean Asselborn – sech misse rechtfäerdegen. D’Regierung huet allerdéngs um Enn wéinst dem internationalen Drock, mee virun allem fir d’Reputatioun vum Lëtzebuerger Standuert a vun internationale Gesellschaften heiheem ze schützen, eng Rei Upassungen acceptéiert.
Ënnert anerem gouf den automateschen Informatiounsaustausch vu Steier-Rulingen agefouert an d’Steierverwaltung gouf verstäerkt, respektiv den ominéise “Bureau 6” nei organiséiert. Blo-Rout-Gréng huet eng Rei aner Mesuren adoptéiert – aus dem sougenannten BEPS-Programm vum G20 an der OECD géint aggressiv Steier-Optimiséierungsmethoden – a gouf dofir och gelueft.
Och an anere Beräicher, ewéi der Lutte géint de Blanchiment, huet Lëtzebuerg sech ugepasst, notamment duerch d’Verstäerkung vun der Cellule de Renseignement Financier, nach méi Transparenz-Reegelen an eng Moderniséierung vum Handelsregëster. Zwar kruten den deemolege PwC-Mataarbechter Antoine Deltour an dräi aner Whistleblower a Journalisten e Prozess gemaach, se hunn deen awer gewonnen an de Whistleblower-Schutz gouf an der Suite vun de Luxleaks esouguer verstäerkt. Lëtzebuerg krut och eng relativ gutt Nott am leschte Rapport vum Expertegrupp vum Europarot, dem Gafi.
Et kann een net soen, datt no Luxleaks näischt geschitt wier. De Wirtschafts- a Finanzstanduert Lëtzebuerg huet sech ugepasst, mee et ginn nach Schwaachstellen. Laut dem Tax Justice Network verléiere Staaten all Joer nach ëmmer ronn 480 Milliarden US Dollar u Steieren duerch international Steierkonstrukter, déi deels och Verstréckunge mam Grand-Duché hätten. Et gëtt nach Firmen hei am Land, déi net vill méi ewéi eng Bréifboîte hunn.
Déi viregt Blo-Rout-Gréng an déi nei Schwaarz-Blo Regierungen hunn nach Meenungsverschiddenheete mat der EU Kommissioun, net just wat d’Steiere vun Amazon ugeet, déi Lëtzebuerg net wëll (Amazon an de Lëtzebuerger Staat hunn hei Recht kritt), mee och wat d’Ëmsetze vun der Anti-Steierflucht-Direktiv ugeet. Stoung am Koalitiounsaccord vun 2018 scho just nach den Equiliber tëscht Kompetitivitéit a Lutte géint d’Steierflucht, esou fënnt een de Begrëff “Steierflucht” am Accord vun 2023 guer net méi erëm.
Den “Effet Luxleaks” huet 10 Joer méi spéit kloer ofgeholl an déi viregt an déi nei Lëtzebuerger Regierunge verdeedegen nees Standuert-Virdeeler. Genee esou ewéi et schonn de fréiere Premier Jean-Claude Juncker a säin deemolege Finanzminister Luc Frieden gemaach hunn, ewéi no der Finanzkris vun 2008 den Drock géint d’Bankgeheimnis nees geklomme war. De Jean-Claude Juncker huet 2008 op France 2 Virwërf géint Blanchiment a Steierhannerzéiung erofgespillt an huet mam Fanger – net ganz zu onrecht - op aner Länner gewisen.
Zanterhier, wéinst Drock vun den USA virun allem, gouf den automateschen Informatiounsaustausch vu Bankdonnéeën acceptéiert. D’Bankgeheimnis fir Residenten, dee gëtt et awer nach. Aus nationaler Siicht kann een novollzéien, datt d’Politik sech esou wäit d’Reegelen et an der “groer Zon” erlaben oder et fir si ethesch vertrietbar ass, fir d’Interessie vu senge Wieler asetzt. Bleift aus där Siicht dann awer ze hoffen, datt déi defensiv Approche laang hält an datt et kee “Luxleaks II” gëtt. Oder, datt et e Plang B gëtt.