
Tëscht dem 18. an dem 24. Mee goufe ronn 100 Kontrollen den Dag gemaach, woubäi haaptsächlech gekuckt gouf, ob d'Leit sech géifen un de Social distancing halen, ob se e Mask unhunn op deene Plazen, wou keng 2-Meter-Distanz gehale ka ginn, an ob sech un de Verbuet vu Rassemblementer gehale gëtt.
Eng 15 Avertissements taxés goufen et an deem Zäitraum uechter d'Land. An 90% vun de Fäll, well déi betraffe Persoune keng Mask unhaten.
Eng Partie Procès-verbaux goufen et, well d'Leit op de Plagë vum Stauséi waren, obwuel dës zou sinn. Net un d'Reegele gehalen hu sech och eng Abberzuel Bierger, déi méi wéi 6 Bekannter bei sech heem invitéiert haten.
D'Police erënnert nach emol drun, datt ee sech zu maximal 6 Leit bei engem doheem dierf gesinn, an et am ëffentleche Raum net méi wéi 20 Leit, déi zesumme kommen. E Mask oder soss eng Form vun Nues- a Mondschutz sinn obligatoresch, wann een d'Distanz vun 2 Meter net anhale kann.
Hält ee sech net un dës Dispositiounen, da kann een e Protokoll vun 145 Euro kréien.
