CGDIS-Bulletin11 Blesséierter op eise Stroossen e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 5 Accidenter e Mëttwochowend, bei deenen net manner wéi 11 Mënsche blesséiert goufen.

Zu engem éischte Blesséierte koum et géint 19 Auer um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser, wéi sech hei en Auto iwwerschloen huet. D’Rettungsekippe vu Beetebuerg a vu Réiser waren um Asaz.

D’Ekippe vu Beetebuerg goufen eng Stonn méi spéit op e weideren Asaz geruff, dat zesumme mat de Pompjeeë vun Esch. Um CR170 tëscht Schëffleng an Esch hat et nämlech tëscht dräi Autoe geknuppt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen.

Zwee weider Blesséierter gouf et da géint 21.16 Auer op der RN23 tëscht Kimm a Maartel, wéi e weidert Gefier op der Kopp gelant ass. De Samu vun Ettelbréck an d’Rettungsdéngschter vu Rammerech a Gréiwels waren um Asaz.

Bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen op der RN14 tëscht Dikrech a Steeën géint 21.35 Auer goufen am Ganze véier Mënsche blesséiert. Hei waren nieft dem Samu aus der Stad och d’Ambulancieren aus der Fiels an der Nordstad op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeën aus der Fiels, vun Noumer, Iermsdref a Miedernach.

Zu Hamm um Boulevard Nelson Mandela war et géint 22.24 Auer zu enger Kollisioun komm, an déi dräi Gefierer an ee Bus verwéckelt waren. Och hei gouf et zwee Blesséierter, déi vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt goufen.

Back to Top
CIM LOGO