Vill Leit aus Eritrea, Syrien a Venezuela122 Persounen hunn am Juli eng Demande op Asyl hei am Land gemaach

Claudia Kollwelter
13 Leit hu Lëtzebuerg leschte Mount misse verloossen.
Symbolbild
Symbolbild
© PATRICK PLEUL/dpa Picture-Alliance via AFP

122 Persounen hu leschte Mount eng Demande op Asyl hei am Land gemaach, dorënner virun allem Leit aus Eritrea, Syrien a Venezuela. Dat geet aus de Chiffere vum Inneministère fir de Mount Juli ervir.

13 Leit hu Lëtzebuerg de leschte Mount misse verloossen, 9 si fräiwëlleg gaangen, bei 4 Leit war et e Retour forcé.

Donieft goufen et 67 Demandë fir eng temporär Protektioun, alleguer Leit aus der Ukrain.

PDF: Statistiques protection internationale 07 2026
PDF: Statistiques protection temporaire 07 2026

Back to Top
CIM LOGO