Coronavirus zu Lëtzebuerg13 nei confirméiert Fäll, nach 6 Patienten op der Intensivstatioun

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 109 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 13 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.971. Vun den Infizéierte sinn der 3.211 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

© Santé

Den Duerchschnëttsalter vun den 109 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen. 65 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 64.018 Tester gemaach. Vun en Dënschdeg op en Mëttwoch ass dat eng Hause vun 1.007 Tester, vun deenen der wéi gesot 13 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 134 aktiv Infektioune ginn an 3.728 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 57(-3) Patienten hospitaliséiert, 6 (-4) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 906 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

© Santé

De Reproduktiounstaux läit bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO