Um Kierchbierg an zu HesperZwee Vëlosfuerer e Méindegmëtteg ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Souwuel um Kierchbierg wéi och tëscht Alzeng an Hesper gouf e Méindeg e Cyclist ugestouss.
Zwee Cycliste goufe vu jeeweils engem Auto ugestouss a blesséiert.
© AFP-Archiv

E Méindegmëtteg kuerz viru 14 Auer krut de CGDIS ee blesséierte Vëlosfuerer gemellt, deen um Kierchbierg an der Rue des Cigales ugestouss gouf. Nëmmen e puer Minutte méi spéit koum dann een änlechen Appell. Och op der RN03 tëscht Alzeng an Hesper ass nämlech ee Vëlosfuerer ugestouss an dobäi och verwonnt ginn.

Donieft huet e Méindeg nach kuerz no 13:12 Auer zu Munneref op der Route de Remich en Drecksauto Feier gefaangen. Hei war et awer beim materielle Schued bliwwen. D'Pompjeeë vun Duelem, Fréiseng, Réimech a Munneref waren op der Plaz.

Glécklecherweis kee Blesséierte gouf et ëm 14:22 Auer op der A3 a Richtung Metz tëscht Diddeleng an der franséischer Grenz. Zwee Autoen hate sech hei ze pake krut an duerch den Accident huet et hannendru gestaut.

Back to Top
CIM LOGO