
Zejoert goufen et bei de Parqueten an der Stad an zu Dikrech 132 esou Plainten, eng 30 manner wéi nach 2019. Bei der Police goufen zejoert 104 Plaintë wéinst Viol gemaach.
2019 goufe 40 Persoune wéinst engem Viol schëlleg geschwat a verurteelt, zejoert waren dat der 21.
Dës Donnéeën deelen d'gréng Ministeren Tanson a Kox op Basis vun enger entspriechender parlamentarescher Fro vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann mat.
Heiranner gëtt och betount, datt de sougenannten "Stealthing", also de bewosste Bedruch vum Partner beim sexuellen Akt, andeems de Preservativ heemlech net benotzt gëtt, net esou am Lëtzebuerger Code pénal dra steet. Trotz allem géif dëse Bedruch penal sanktionéiert ginn, wann et keen "Consentement" vum Sex-Partner ginn hätt. Beruff gëtt sech op entspriechend Jurisprudenzen aus de Joren 2020 an 2008.