
Et war kuerz virun 12.30 Auer, wéi d’Pompjeeën Nordstad an Angelduerf, grad ewéi zwou Ambulanzen op Dikrech an d’rue du Marché geruff gi sinn. Hei war et zu engem Kabelbrand komm, bei deem net manner wéi 4 Persoune blesséiert goufen.
Géint 15 Auer ass op der N11, Waldhaff a Richtung Gonnereng eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. D’Ambulanz vu Jonglënster an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen waren am Asaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Quasi ëm déi selwecht Zäit gouf eng Dampentwécklung an enger Residenz um Belair an der Rue Guillaume gemellt. D’Pompjeeë vun Hesper, Mamer an aus der Stad waren op d’Plaz gefuer, grad ewéi och eng Ambulanz aus der Stad. Wéi de CGDIS schreift, gouf keng Persoun verwonnt.
Géint 16.30 Auer huet et op der A4 Richtung Esch gerabbelt. En Auto an eng Camionnette waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. Eng Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz.