Et wier eng hefteg AussoD'Laura Zuccoli kritiséiert de Léon Gloden um Punkt vun den ukrainesche Flüchtlingen

Fanny Kinsch
D'Laura Zuccoli kritiséiert och de Gesetzprojet vun der Regierung, mat deem den europäeschen Asyl- a Migratiounsplang soll ëmgesat ginn.
D'Laura Zuccoli am RTL-Studio
© Annick Goerens / RTL-Archiv

Et wier eng hefteg Ausso. Esou reagéiert d’Laura Zuccoli vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot op den Inneminister Léon Gloden e Freidegmoien um Punkt vun den Ukrainer. “Mir schécke Suen an d’Leit solle sech dann do erschéisse loossen” paraphraséiert d’Laura Zuccoli - dat wier hefteg.

“E Krich ass eng professionell Saach. An et ass och eng Saach, wou d’Leit natierlech ëm hiert Liewe fäerten. An et ass net un him ze decidéieren, wien dann elo decidéiert, dee wëll oder wien net soll an de Krich goen. Ech mengen dat sinn Decisiounen, déi een hëlt, wann ee fäert fir säi Liewen oder d’Liewe vu senge Kanner, dass een dann d’Decisioun huet, fir fort ze goen, well déi Méiglechkeet besteet. Da soll een dat respektéieren.”

D’Laura Zuccoli kritiséiert och de Gesetzprojet vun der Regierung, mat deem den europäeschen Asyl- a Migratiounsplang soll ëmgesat ginn. Hei géing e Sécherheetswan virun d’Wuelbefanne vu Mannerjärege gesat ginn. Kanner solle kënne mat hiren Eltere festgehale ginn, wat an der EU-Direktiv just an aussergewéinleche Fäll virgesi wier.

Back to Top
CIM LOGO