
Dat nodeems ugangs dës Joers bekannt gouf, dass ArcelorMittal en Deel vun de Plazen am Grand-Duché ofzebauen oder ze delokaliséiere wëll. De Recht vun der Oppositioun huet d’Motioun vun der LSAP ënnerstëtzt. D’Deputéiert Djuna Bernard vun déi Gréng a Marc Baum vun déi Lénk hu sech doriwwer gewonnert, dass d’Regierung hei keng Noutwennegkeet géing gesinn an och keng national Tripartite wollt aberuffen, awer elo bei der Kënschtlecher Intelligenz eng annoncéiert hätt. Vun der CSV an der DP huet et geheescht, de Sozialdialog géing fonctionéieren bei ArcelorMittal. “Loosst emol den Terrain säi Rôle spillen”, esou d’CSV-Deputéiert Octavie Modert. Och d’Gewerkschaften haten am Februar eng Stoltripartite gefuerdert.