
Dir hutt Problemer, fir e Prêt op der Bank ze kréien? Dir sidd am Gaangen ze bauen a fillt Iech am Stach gelooss? Dir hutt gebaut a sidd elo mat lauter klengen a grousse Saache konfrontéiert, déi net richteg klappen? Dir sidd Locataire, wéilt awer gäre Proprietär ginn, mee Äre Loyer ass esou héich, datt Der keen Eegekapital kënnt spueren?
Wann Dir an esou enger oder enger änlecher Situatioun sidd, da mellt Iech bei eis.
Déi nächst Emissioun “Kloertext” vum Caroline Mart beschäftegt sech nämlech mat deem Sujet, dee sech als ongeléiste Problemfall wéi e Roude Fuedem duerch d’Politik vun de leschte Joerzéngten hei am Land zitt: dem Logement oder, wéi et ëmmer méi dacks heescht, der Logementskris.
D’Emissioun gëtt en Donneschdeg, 12. Mäerz opgeholl a wéi gewinnt owes ëm 20 Auer, direkt nom Journal, op der Tëlee an am Livestream diffuséiert. Fir Reportagen an der Emissioun sicht RTL nach Betraffener, déi bereet sinn, vun hire Problemer, Suergen, Ängschten an Erausfuerderunge op der Sich no enger, oder beim Bau vun enger Wunneng ze zielen.
Mir zielen op Iech, dofir kontaktéiert eis, wann Dir bereet sidd, auszesoen an Iech filmen ze loossen ... vläicht kënne mir dann och Äre Fall kuerz an der Emissioun thematiséieren. (Jee no Zuel vu Leit, déi sech mellen, kënne mer wuel net all Propos eng Suite ginn, mir bieden hei ëm Versteesdemech.)
Merci am Viraus a vläicht bis geschwënn!