250 Euro a 4 Punkten um Permis18 Fäll vun Handy um Steier a Kontroll festgestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet um Mëttwoch tëscht 15.30 a 17 Auer eng Verkéierskontroll an der Rue Geespelt zu Léiweng duerchgefouert.
© RTL-Grafik

De Fokus louch virun allem op der Benotzung vum Handy beim Fueren. Dobäi goufen an 18 Fäll Verwarnunge ausgestallt, well Chaufferen hiren Handy wärend der Faart benotzt hunn. D’Strof läit bei 250 Euro a 4 Punkten um Permis. Zousätzlech konnten an dräi Fäll net all néideg Dokumenter gewise ginn.

Führerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn

Och um Mëttwoch gouf der Police en Accident an der Rue de Schifflange zu Keel gemellt. E Chauffer ass dobäi a verschidde geparkte Gefierer gefuer. Hie gouf liicht blesséiert an an d’Spidol bruecht. Do huet hie sech géintiwwer dem Personal an der Police net kooperativ gewisen. Well den Alkoholtest positiv war, gouf säi Führerschäin agezunn. Wéinst sengem alkoholiséierte Zoustand a well hien eng Gefor fir sech selwer an aner Leit duergestallt huet, gouf hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest bruecht.

An der Nuecht op en Donneschdeg ass eng Policepatrull op der Route de Luxembourg zu Dippech op en Auto opmierksam ginn, dee mat ze héijer Vitess ënnerwee war. D’Fra konnt kuerz drop gestoppt ginn. Bei der Kontroll goufen däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum festgestallt. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO