
No den éischten Informatiounen huet den Täter eng Fënster ageschloen, fir an d’Haus ze kommen. De Besëtzer huet hien awer iwwerrascht, wouropshin den Täter geflücht ass. Ënner anerem goufe Mënze geklaut.
En aneren Abroch gouf et am Nomëtteg an enger Wunneng an engem Méifamilljenhaus an der Rue Jean-Pierre Michels zu Esch gemellt.Et gouf e Portmonni geklaut.
An de leschte Stonne goufen der Police e puer Déifställ aus Gefierer gemellt. An der Nuecht op e Mëttwoch ass an en Auto an der Rue Emmanuel Servais zu Suessem agebrach ginn. No den éischten Informatiounen huet en nach onbekannten Täter ee Brëll geklaut. Um Donneschdeg de Moie gouf en anere Fall an der Rue de l’Industrie zu Zolwer gemellt. Do huet en Täter sech Zougang zu engem Gefier verschaaft an e puer Géigestänn geklaut.