
Den OGBL huet seng Fuerderung, dass op all Terminus richteg, propper an accessibel Toiletten musse sinn, en Donneschdeg de Moien op engem Protestpiquet um Arrêt virun der Rouder Bréck um Kierchbierg widderholl. Mat Bléck op den Transportministère.
Virop d‘Gemengen, mä och d‘Regierung missten déi Suergen endlech Eescht huelen, huet de Sveinn Graas vum OGBL betount.
Vill Chaufferen, ob aus dem ëffentlechen Déngscht oder vu privaten Busentreprisen, misste reegelméisseg anhalen, well op hirer Linn keng Toilette wär. Männer kéinte sech am Noutfall nach an eng Heck erliichteren, wat awer och verbueden ass, huet d‘Gewerkschaft ze bedenke ginn. Fir Fraen, an där géif et der am Beruff ëmmer méi ginn, wär dat nach manner agreabel. Doru wollt de Syndikat besonnesch erënneren elo puer Deeg virum Weltfraendag.
E positiivt Beispill wär Dikrech. Do hätt d‘Gemeng rezent Toiletten extra fir Buschaufferen annoncéiert, esou de Sveinn Graas vum OGBL. Mä an de meeschten anere Gemengen wär d‘Situatioun net méi z‘akzeptéieren.