Presséiert Chauffere si Permise lass182 km/h am Tunnel Cents an 169 op der Landstrooss zu Uewerfeelen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass en Automobilist op der N15 negativ opgefall, e Freideg den Owend schonn een op der A1.
© Police (Archiv)

90 Kilometer an der Stonn ass am Tunnel Cents erlaabt. Ma e Freideg den Owend hat en Automobilist hei knapp méi wéi dat duebelt vun deem um Tacho. De Permis gouf agezunn an de Mann gouf protokolléiert.

Net grad esou séier wéi op der A1 war e Sonndeg e Mann zu Uewerfeelen ënnerwee. 169 Kilometer an der Stonn hat hien drop, wéi hien, wou 90 erlaabt ass, laanscht d'Police gefuer ass. Och hei war de Führerschäi fort an de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO