CGDIS2 Accidenter mat 2 Blesséierten um Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS zwee Accidenter um Donneschdegowend.
© RTL Archiv

Op der A1, Bretell A1-A3, war kuerz virun 19.00 Auer e Motocyclist gefall a liicht blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad.

Da gouf et nach géint 20.40 en Accident op der Streck tëscht Biissen a Miersch. En Automobilist war hei mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. D'Secouriste vun Ettelbréck a Biissen waren am Asaz, fir sech ëm de liichtblesséierte Chauffeur ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO