
Jonglënster gëtt méi schéin an d'Liewensqualitéit geet an d'Luucht. Dat verspriechen op alle Fall d'Gemeng an de Mobilitéitsministère, déi um Donneschden den Owend gewisen hunn, wéi déi nei Haaptstrooss soll ausgesinn. Den CR121A, wéi d'Strooss richteg heescht, gëtt net just nei gemaach, mä de ganzen ëffentleche Raum gëtt nei amenagéiert, esou de Buergermeeschter Ben Ries
Zum Beispill kréien d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer méi Plaz an anengems verschwënnt dee ville Bëton. Et gëtt Plaz gemaach fir méi Gréngs. Dofir géif hei net just en neit Mobilitéitskonzept ëmgesat ginn, ënnersträicht déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes, mä et wier anengems en Nohaltegkeetsprojet.
Bis ee sech iwwert dat neit Gesiicht vu Jonglënster ka freeën, heescht et awer op d'Zänn bäissen. De Chantier dauert 3 Joer an d'Aarbechten fir dat 2,2 Kilometer laangt Stéck Strooss fänken am Oktober un. De Käschtepunkt läit bei 19 Milliounen Euro.