
Um CR333 tëscht Ëlwen a Weiler ass kuerz no 19:21 Auer en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Ëlwen versuergt.
Kuerz virun 20 Auer sinn dann um CR121 tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf et zwee Blesséierter. Am Asaz ware jeeweils eng Ambulanz aus der Fiels an eng vun Iechternach. Och d'Pompjeeë vu Waldbëlleg waren op der Plaz.
De Samu aus der Stad an d'Rettungsekippe vu Réimech goufen iwwerdeem kuerz virun 2 Auer an der Nuecht op d'RN402 tëscht Réimech a Bous geruff, nodeems sech hei en Auto iwwerschloen hat. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Kee Blesséierte gouf et dann nach bei engem Accident op der A13 a Richtung Stad tëscht Schengen a Munneref. Hei waren d'Pompjeeë vu Schengen a vu Munneref op der Plaz souwéi d'Ambulanciere vu Réimech nach emol.