Lëtzebuerger KI-PionéierMarco Barnig am Alter vu 75 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger KI-Pionéier Marco Barnig ass am Alter vu 75 Joer a Frankräich gestuerwen.
© RTL Archiv

Wéi d'Wort e Freideg de Moie mellt, ass de Lëtzebuerger Telekommunikatiounsingenieur Marco Barnig am Alter vu 75 Joer gestuerwen. Hie wier leschte Samschdeg den 11. Juli friddlech zu Canchy a Frankräich entschlof, heescht et an der Doudesannonce.

Den technikbegeeschterte Marco Barnig huet op der ETH zu Zürech säin Diplom als Telekommunikatiounsingenieur gemaach a méi spéit bei der Post Lëtzebuerg geschafft, wou hien un der Aféierung vun neien Technologië bedeelegt war. Schonn an de 70er Joren huet de Marco Barnig mat Mikroprozessore geschafft. Ënnert anerem huet hien eng Maschinn gebaut, géint déi ee Millche spille konnt - säin "éischte KI-Projet", wéi hien dem Wort an engem Interview verroden hat.

Zanter senger Pensioun hat de Marco Barnig dann och genuch Zäit, fir sech méi intensiv mat der Kënschtlecher Intelligenz ze beschäftegen. Esou huet hien de Projet "KI-Léierbud" an d'Liewe geruff an dat éischt Kannerbuch zu Lëtzebuerg publizéiert, dat ganz vun der KI geschriwwe gouf. Fir "Les Jeunes Explorateurs - Sur les Sentiers du Patrimoine UNESCO", an deem een 100 Weltkulturierwe-Sitten entdecke kann, ware besonnesch seng fënnef Enkelkanner d'Inspiratioun. Hie wollt hinnen e Souvenir hannerloossen, wann hien eng Kéier net méi wär, wéi hien RTL an engem Reportage erzielt huet.

Back to Top
CIM LOGO