D'kënschtlech Intelligenz mécht hire Wee am professionellen a privaten Alldag. Och beim Staat. Ewéi gëtt KI aktuell do agesat? Wéi gëtt se geréiert? Op wat muss ee sech nach astellen? Dat froe mir den Direkter vum Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE) de Patrick Houtsch.
Mat him schwätze mer och iwwert administrativ Vereinfachung an Dateschutz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.