Alkohol um Steier2 Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend géint 18.45 Auer koum et op der N24 tëscht Biekerech an Nidderpallen zu engem Accident.

Hei war en Automobilist mat sengem Won an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert, de Samu war och op der Plaz.

Géint 20.30 Auer hat um CR162 tëscht Alzeng an Haassel e weideren Automobilist mat sengem Gefier e Bam erwëscht. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

A béide Fäll war en Alkoholtest positiv a béid Chauffere kruten hire Permis ewechgeholl.

Kuerz no Hallefnuecht gouf um Lampertsbierg dann en Auto gestoppt, dee mat héijer Vitesse duerch d'Avenue Victor Hugo gerannt ass. Och dee Chauffer hat ze vill gedronk. Hie gouf protokolléiert.

Ee weideren alkoholiséierten Automobilist huet dann um 1 Auer misse säi Fürerschäin an der Stroossbuergerstrooss ofginn. A géint 2.30 Auer war dann nach een aneren Automobilist an der Avenue Emile Reuter duerch e positiven Drogentest opgefall.

Op der A3 koum et e Mëttwoch de Moien zu engem Accident a Richtung Metz. 1 Gefier hat sech hei iwwerschloen. De Bilan ass 1 Blesséierten.

Um CR306 krut tëscht Biissen a Viichten en Automobilist e Bam ze paken. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO