CGDIS2 Blesséierter bei 2 Accidenter an e Brand am Beetebuerger Park

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg um 13 Auer ass tëscht der Aire de Wasserbillig a Waasserbëlleg en Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 13.16 Auer ass op der N7 tëscht der Lëpschter Dällt e weideren Accident geschitt. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Kuerz viru 16 Auer ass am Beetebuerger Park e Brand an engem Technik-Raum ausgebrach. D’Pompjeeë vu Beetebuerg, Diddeleng an aus dem Réiserbann goufen op d’Plaz geruff, grad ewéi eng Ambulanz vun Diddeleng an de Groupe de sauvetage animalier.

Back to Top
CIM LOGO