
De SAMU huet nieft de Stater Rettungsdéngschter an der Nuecht op e Samschdeg missen zu Weimerskirch an der Stad an der Rue de Stavelot an den Asaz wéinst engem Feier. De CGDIS mellt awer kee Blesséierten. Et blouf wuel beim Materialschued. Dat war kuerz viru 4 Auer.
En Auto a Brand haten d'Rettungszentere vu Bartreng a Mamer gemellt kritt, datt géint 18 Auer zu Stroossen op der Place Grand-Duchesse Charlotte. Och hei blouf et beim Materialschued.
Als éischt haten tëscht Miersch a Biissen sech zwee Ween ze pake kritt, d'Ekippe vu Miersch hunn ee Blesséierte versuergt. Och ee Verwonnte gouf et eppes virun 22 Auer, ewéi zu Gréiwemaacher an der Rue de Munschecker en Auto an eng Mauer gerannt war. De CGDIS vu Mäertert war hei am Asaz.
Och bei engem Accident géint 0:15 Auer tëscht Péiteng an Athus gouf ee Verwonnten. Hei waren d'Zentere vun Déifferdeng a Péiteng op d'Plaz geruff ginn. An um 1:15 Auer war et bei engem Accident am Rond-Point Tinnesbruch zu Miersch de selwechte Bilan. D'Ekippen aus der Fiels hunn d'Kolleege vu Miersch hei ënnerstëtzt.