
En Donneschdegowend géint 23 Auer gouf der Police eng arméiert Persoun am Beräich vum Boulevard J. F. Kennedy zu Esch-Uelzecht gemellt. Eng Rei Patrullen hu sech op d'Plaz gemaach a konnte kuerz drop e Mann untreffen. De Mann war alkoholiséiert an nieft him louch eng Airsoft-Pistoul, déi séchergestallt konnt ginn. Éischten Erkenntnisser no hat hie virdru verschidde Persoune mat der Pistoul menacéiert. Et gouf dobäi kee blesséiert. Bei enger uschléissender Kontroll goufe weidert Geschier fir d'Airsoft-Pistoul esouwéi ronn 32 Gramm Marihuana séchergestallt. Bei enger Perquisitioun gouf e verbuedent Messer saiséiert. Well de Mann eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, gouf heen no enger Kontroll beim Dokter an den Arrest bruecht. En entspriechende Protokoll gouf erstallt.
E besse méi fréi um Owend géint 21.15 Auer gouf der Police eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen an der Rue du Herrenberg zu Dikrech gemellt. Am Verlaf vun der ufanks verbaler Diskussioun gouf ee Mann vun engem anere Mann mat engem Messer um Uewerschenkel blesséiert. D'Affer huet liicht Schnattwonne dovugedroen. D'Messer konnt vun der Police an engem Gaart séchergestallt a saiséiert ginn. Béid Männer goufe fir eng Kontroll respektiv fir eng Behandlung an d'Spidol bruecht. Weider Ermëttlunge goufen ageleet.