CGDIS a Police2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Sonndeg, 2 weider Blesséierter um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Souwuel zu Schuller, wéi och zu Ierpeldeng koum et um Sonndeg den Owend zu Accidenter, bei deenen all Kéiers eng Persoun verwonnt gouf, eng dovu schwéier.
© Samu / Domingos Oliveira

Zu Schuller ass kuerz no 18 Auer en Auto an der Route de Longwy accidentéiert. D'Pompjeeë vun Dippech an d'Ambulanz vu Péiteng waren op der Plaz.

Zu Ierpeldeng-Sauer ass géint 19.20 Auer en Auto an der "Auf der Mechelbach" an e Bam gerannt. Wéi d'Police mellt, ass et dem Chauffer wuel schlecht ginn, huet d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, ass duerch eng Barrière gerannt an dunn an e Bam gerannt. De Chauffer huet mussen aus sengem Gefier befreit ginn a koum schwéier blesséiert an d'Spidol. D'Pompjeeë vun Angelduerf an Dikrech waren am Asaz, grad ewéi de Samu an d'Ambulanz vun Housen.

Géint 21.50 Auer gouf et an der Escher Strooss an der Stad nach eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Hei blouf et awer beim Materialschued. D'Stater Pompjeeën an Ambulanz waren op der Plaz.

Da mellt de CGDIS nach en Accident op der A6 bei der Aire de Capellen kuerz no 7 Auer e Méindeg. Hei gouf eng Persoun blesséiert, d'Rettungsekippe vu Mamer, Stengefort an der Stad waren op der Plaz.

Zwee Autoe waren um 10.10 Auer um Boulevard Pierre Dupong an der Stad net laanschtenee komm. D'Rettungsekippen aus der Stad hunn ee Blesséierte misste behandelen.

Géint 11.35 Auer war et nach eng Kollisioun op der N22 tëscht Ell a Réiden. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Ee Blesséierte bei engem änlechen Accident op der N31 tëscht Bieles an Uewerkuer gouf et nach géint 16.20 Auer an zu Réiser an der Grand-Rue ass kuerz no 16 Auer e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.

3 Führerschäiner agezunn

Wéi d'Police mellt, goufen nees 3 Führerschäiner agezunn, nodeems Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt haten.

An der Stad war e Chauffer opgefall, well en nawell zimmlech geféierlech ënnerwee war. Wéi e kontrolléiert ginn ass, ass en och nach aggressiv ginn. Den Alkoholtest war wéi gesot positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Tëscht Nidderkuer a Suessem ass dann e Sonndeg géint 14.30 Auer e Chauffer opgefall, well en d'Riicht mat sengem Won net behalen huet. De Mann konnt spéider zu Käerjeng op der Terrass vun engem Café ugetraff ginn. Vun de Beamten op säi Fuerstil ugeschwat, huet dëse fir d'éischt nach behaapt, hie wier guer net Auto gefuer. Duerno ass en awer handgräiflech ginn a wollt och nach engem Serveur eng schloen. D'Beamte konnten de Mann immobiliséieren. Den Alkoholtest war och hei positiv an de Führerschäin domat elo mol fort.

An der Nuecht op e Méindeg huet dann zu Rolleng an der Lëtzebuerger Strooss e Chauffer probéiert laanscht eng Verkéierskontroll ze kommen, dat moies um 4 Auer. E konnt awer gestoppt ginn. Nodeems den Alkoholtest positiv ausgefall ass, war och hei de Führerschäin fort. Des weidere goufe Marihuana/Haschisch a Kokain am Auto fonnt.

Back to Top
CIM LOGO