CGDIS2 Blesséierter bei 2 Motorradsaccidenter, ee bei Accident tëscht 2 Autoen

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt véier Asätz vun Samschdeg an hat nach dräi vun e Freideg nogedroen.
© CGDIS

Kuerz virun 11.30 Auer hat en Auto op der Nordstrooss tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Stafelter gebrannt. Blesséiert gouf keen. Ëm déi selwecht Zäit hat et dann tëscht Kayl an Näerzeng geknuppt. Zwee Ween waren net laanschtenee komm an den 112 mellt ee Blesséierten.

Eng Persoun gouf da verwonnt. wéi e Moto 10 Minutte méi spéit zu Dikrech am Bamerdall an en Auto gerannt war. Hei war och de Samu op der Plaz. Um 16.30 Auer dann war e Motard gefall, dat tëscht Mäerkels a Kautebaach. De CGDIS schwätzt vun engem Blesséierten.

De CGDIS mellt en Accident mat engem Blesséierten e Freideg géint 17.30 Auer. An der Rue du Brill zu Féiz gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss.

Am Bulletin ass nach vun zwou Interventioune wéinst Feier ze liesen. Dat eng Kéier zu Wolz, wou en elektrescht Gehais gebrannt huet an eng Kéier zu Déifferdeng, wou eng Wiss Feier gefaangen hat. Heibäi gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO